Apropos vum Gérard FloenerIwwerwaachung

Et huet keng 24 Stonne gedauert, do huet ee Spriecher vun der däitscher Policegewerkschaft, no den Attentater vu Paräis, méi eng streng Iwwerwaachung vun alle Kommunikatiounsformen gefuerdert. E Méindeg huet den Direkter vun der CIA déi selwecht Iwwerleeunge bruecht. De Gérard Floener ass awer dovun iwwerzeegt, datt dat näischt bréngt.

19/11/2015 Apropos: Iwwerwaachung



Wat déi selwer ernannte Sécherheetsexperten net ernimmen ass, datt et a Frankräich schonn zanter 2006 ee Gesetz gëtt, no deem all d'Kommunikatiounsdonnéeën ee Joer laang gespäichert ginn. An no den Attentater op Charlie Hebdo um Ufank vum Joer ass am Summer nach séier ee Gesetz gestëmmt ginn, dat déi global Iwwerwaachung vun alle Kommunikatiounen nach méi streng mécht. Alles am Kampf géint den Terror. A wat et bruecht huet, huet déi ganz Welt de leschte Freideg gesinn.

Ech hunn näischt dogéint wann et ee konkrete Verdachtsmoment gëtt, datt dann déi verdächteg Persounen och iwwerwaacht ginn, och iwwert eng ganz laang Zäit. Mä einfach vu jiddwerengem alles ze sammelen an ee Joer laang op Server ze parken, fir de Fall wou, geet net!

An ech verstinn och net, datt sech do net méi dogéint gewiert gëtt. Dat de Gros vun de Leit seet: "Wat ass dann, ech hu jo näischt ze verheemlechen".

Wa bis all d'Kommunikatiounsdonnéeë gesammelt ginn, dann ass et fir d'Autoritéiten déi Zougrëff op déi Donnéeën hunn, einfach fir eraus ze fannen, wien wéini mat wiem a wou kommunizéiert huet. Iwwert Telefon, Handy, Email, SMS, Whatsapp, Skype, oder wéi och ëmmer. Esouguer wann ee just ee getraff huet léist sech dat retracéieren, well een iwwert d'Kommunikatiounsdonnéeë vun engem Handy och ëmmer erausfënnt wou deen Handy zu engem bestëmmten Zäitpunkt wor.

Fir Journalisten gëtt d'Aarbecht doduerch méi komplizéiert. De Quelleschutz dee si fir hir Aarbecht brauchen ass domat opgehuewen. An ouni Informante kënne Journaliste verschidden Affären, op déi offiziell een Deckel gehale gëtt, net opdecken.

Oder wann een Autoskonstrukteur mat enger Software bei sengen Emissiounswäerter fuddelt. Déi Informatioun ass net duerch Zoufall opgeflunn, mä well een Insider déi Informatioun no bausse gedroen huet. Wann et duerch d'Sammelen a Späicheren vun all de Kommunikatiounsweeër elo méiglech ass, nodréiglech eraus ze fannen, wou déi Fuite wor, dat wäerten esou Informanten an Zukunft, aus Angscht virun den direkte Konsequenzen fir si, näischt méi soen. An domat kënnen Entreprise maache wat si wëllen, um Bockel vun der Allgemengheet. Wëlle mir dat hunn?

Am Kampf géint den Terror ass déi global Iwwerwaachung an d'Verdächtege vun enger ganzer Populatioun, well genee dat geschitt an deem Fall, inefficace. D'Attentater zu Paräis dës Joer hunn dat op en Neits gewisen, well nach eemol: Do gëtt zanter 2006 gesammelt, an nawell sinn nees eng Kéier Mënschen op déi onnëtzt Manéier déi et gëtt ëmkomm. Den Affer an hire Famillen ass et nëmmen ee schwaachen Trouscht, wann déi Schëlleg elo eventuell un Hand vun deenen Donnéeë kënne fonnt ginn.

Datt d'Autoritéiten villäicht Bescheed woussten, an dat wat geschitt ass, akzeptéiert hunn, aus wéi engem Grond och ëmmer, ass esou krank, datt ech einfach net akzeptéiere wëll, datt dat kéint wouer sinn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.