Apropos vum Roland KaltéIndividuum

Firwat geschitt dat ausgerechent mir?

All eenzelnen ass fir sech als Individuum dat wichtegst, dat et gëtt. Doduerch entwéckelt sech e Gefill, dat jidderee vun eis beschläicht, datt een eppes ganz Besonnesches ass. An domat hänkt zesummen, datt d’Leed, de Misär, d’Ongléck, dat engem geschitt, e ganzt anert ass, vill méi schlëmm, wéi d’Leed, de Misär, d’Ongléck, dat anere geschitt.
 
An, normalerweis wuesse mer an der Iwwerzeegung op, datt et an der Welt gerecht zougeet an eis nëmme Guddes geschitt, wa mer eis entspriechend verhalen. Si mer net och esou erzu ginn? Gutt Verhale gëtt belount, schlecht Verhale bestrooft. An och d’Kierch huet eis dat dach ëmmer gepriedegt: Jéngst Geriicht, Himmel, Hell, asw.
 
Dréine mer d’Saach ëm, wat bedeit dat dann? Wa mer der Meenung oder esouguer iwwerzeegt sinn, datt déi Gutt belount an déi Schlecht bestrooft ginn, komme mer zwangsleefeg zum Schluss, datt mer fir alles Schlechtes an eisem Liewe selwer verantwortlech sinn. Ëmmer, wann eppes dernieft geet, siche mer d’Schold fir d’éischt bei eis. Mer schafen eis eis Iwwerzeegung selwer. Du bass, wat’s de denks.
 
Dofir solle mer dee Glawen un eng gerecht Welt endlech bei der Däiwel geheien a negativ Erfahrunge verschaffen. Mer si net zum Ongléck verdaamt a mer verdéngen et och net.
 
Schlëmmes geschitt einfach. Einfach esou. A mer kënnen, grad esou gutt wéi all déi aner, all Dag derbäi sinn.

26/11/2015 Apropos Roland Kalté - Individuum



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.