Apropos vum Yann LogelinMotivatioun

Och wann et nach fréi ass, et ass ni ze fréi sech ze motivéieren:

An awer fält et engem dacks dach schwéier ëmmer esou motivéiert ze sinn, wéi een et misst sinn. Dat ass net just e Gedanken, eng Pensée, mä eng Realitéit, eng déi esouguer deels batter ka sinn an dobäi ass Motivatioun eng Kärkompetenz an eiser moderner Gesellschaft, déi vu Leeschtungsdrock a maximalem Rendement geprägt ass.

Mär musse leeschten a liwweren, do an disponibel sinn, ëmmer am Beschten zu 110% funktionéieren an dobäi och nach strahlen a gutt gelaunt sinn, net dass d'Motivatioun vun eise Kollegen, eise Mataarbechter oder Frënn ënnert eisem, oppe gewisene, Frust oder eiser Onloscht leide mussen.

An awer ass et net ëmmer einfach sech ze motivéieren, sech opzerappen a sech dann „à fond“ an dat ze stierzen, wat ee maache muss. Do kéim de berühmte saueren Apel an d'Spill.

Mä wat muss iwwerhaapt sinn. Wéi motivéiert huet een ze sinn? Méindes méi wéi déi aner Deeg an der Woch, well een do e ganze Weekend hat fir sech z'erhuelen. Moies méi ewéi manner, well een ausgeschlof a fit fir den Dag ass? Bei Vollmound méi ewéi bei Neiliicht, well mer jo schéngs alleguerten iergendwéi mam Mound ginn?

Dat ass sécher Definitiounssaach, eng Definitioun, déi vu Persoun zu Persoun verschidden ass, no där awer net ëmmer gekuckt gëtt. Motivatioun ass näischt wat ee kafe kann, Motivatioun ass am 21. Jorhonnert awer eppes, wat ee léiere kann, wou ee sech dra coache loosse ka vu Leit, déi dat geléiert hunn an hiert Wëssen, géint e klengen Obolus natierlech gäre viru ginn. Dat maachen se an Eenzel- oder Gruppentherapien, op privat Initiativ oder well se vu drëtten ugestallt ginn, déi d'Gefill hunn, deen een oder anere wier net genuch motivéiert.

An dobäi ass et esou einfach sech selwer ze motivéieren, sech selwer Mutt ze maachen a mat gudder Laun duerch d'Liewen ze goen. Et muss ee just realistesch a sengen Ziler bleiwen, sech näischt virhuelen, wat ee souwisou net packt a sech och net méi op de Leescht setzen, wéi een Zäit zur Verfügung huet, fir seng Aufgaben ze meeschteren.

Kleng Ziler kënnen deen Ament eng grouss Wierkung hunn an net just dozou féieren, dass ee sech selwer besser spiert, mä esouguer dozou bäidroen, dass et de Leit, mat deenen een am direkte Kontakt steet, besser geet, well se eng Persoun gesinn, déi gutt drop, déi motivéiert ass.

A wann een dann awer emol en Dag huet op deem näischt zesummeleeft a wou eent nom anere schif geet, dann ass et eben esou. Et kann ee jo net all Dag nëmme motivéiert a gutt gelaunt sinn, heiansdo granzen an déi Saachen, déi een och haut maache kéint, einfach bis muer leie loossen, deet Kierper a Séil gutt a wann ee sengem Ëmfeld dat fréi genuch ze verstoe gëtt, da muss och deenen hir Motivatioun net onnëtzt leiden.

24/11/2015 Aporpos: Motivatioun



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.