Apropos vum Christiane Kremer"My home is my castle"

Haus, Wunneng, Appartement, Logement - egal wéi een et nennt, zu Lëtzebuerg schéngen sech d'Immobilie just nach an Zuelen auszedrécken. D'Präisser hei am Land ginn ëmmer nach weider an d'Luucht an et kritt wuel kee se opgehalen. Dobäi sinn Gebaier an deene mer wunnen a liewe wëllen, jo awer méi, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

„My home is my castle“, sot den englesche Politiker Edward Coke. Vum Präis hier gekuckt, passt dat wuertwiertlech op d'Situatioun zu Lëtzebuerg. Dobäi wëll d'Zitat jo ausdrécken, datt engem säin Doheem méi ass wéi just en Daach iwwer dem Kapp oder e Spekulatiounsobjet.
Egal, ob se eis gehéieren oder mer lounen, déi véier Maueren, an deene mer déi meescht Stonne vum Dag sollen oder wëlle verbréngen, si keng kal Steng, mä e Stéck vun eis selwer. Si spigelen erëm, wie mer sinn, wéi mer eis wuelfillen, wat mer gär hunn.
Mir sinn awer och beaflosst vu Gebaier oder Haiser, an deene mer eng Zäit laang gelieft hunn oder an deene mer méi oder manner dacks an- an ausgaange sinn. Mir geschitt et nach méi wéi eemol, datt dat Haus an deem ech opgewuess sinn an dat scho laang net méi existéiert, a mengen Dreem opdaucht, datt ech nach genau vrun Aen hunn, wéi d'Raim ausgesinn hunn, spieren, wéi d'Miwwele sech ugefillt hunn oder datt ech den Doft aus de verschiddenen Zëmmeren nees an der Nues hunn.
Vrun e puer Deeg stoung ech an enger Stater Avenue op de Bus ze waarden a wëll et eng Grëtz gedauert huet, hat ech gutt Zäit mol ronderëm mech ze kucken. Dobäi ass mer en Haus opgefall, dat verluer a verlooss tëscht de schéi renovéierten Nopeschhaiser stoung: d'Fassad däischter-schwaarz vun den Ofgasen aus de leschte Joerzéngten, d'Fënsteren zou, deels mat hallef eropgezunnene Rolllueden, eng kleng Terrass mat schéinem Gelänner, dat baufälleg ausgesinn huet. Och d'Zillen um Daach hu wuel grad nach gepackt, datt et net erareent. An ënnenan um Rez-de-chaussée war d'Entrée vun engem fréiere Geschäft, deem säin Numm nach grouss an aler Schrëft ze liese war.
An op eemol hunn ech vru mer nees d'Fënstere vun deemools gesinn, mat de Mannequinen, déi och schonn dunn zimlech Retro ausgesinn hunn a Kleeder an Hitt  ugebueden hunn. An et war mer, wéi deemools, wéi ech mat menger Mamm alt mol dobanne war.
Mä wéi desolat ass d'Bild vun deem Haus haut. Op sou ville Plaze sti kleng Pärele vu fréier, déi anscheinend vergiess sinn oder vun deene kee méi eppes wësse wëll. Oder wou ee sech net eens gëtt, wat dermat maachen.
Wier et dann net awer ubruecht dësen Haiser d'Chance ze ginn, nei Geschichten ze kréien? Vun neien Awunner!
Ech weess, dat kléngt elo e bëssi romantesch. Awer och nëmme soulaang bis déi plakeg Zuelen nees an d'Spill kommen. Da fänkt d'Geschicht erëm vu vir un. Och déi vun dësem Apropos.

Apropos "My home is my castle"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.