Apropos vum Bea KneipD'Geschichtsbicher vu muer

“Life must be lived forward, but can only be understood backwards”. D’Liewe muss vu vir no hanne gelieft ginn, et kann awer nëmme vun hannen no vir verstane ginn. Dëse Saz vum dänesche Philosoph Soren Kierkegaard ass guer net esou einfach op Lëtzebuergesch z’iwwersetzen, dobäi trëfft en net nëmmen op eenzel Persounen zou, mä och op ganz Länner a souguer op d’Mënschheet u sech. Wien sech dëser Deeg e bësse méi am Detail mat der Aktualitéit beschäftegt, kënnt net derlaanscht sech ze froe wou eis alles dat nach hiféiere wäert.

03/12/2015 Apropos:" D'Geschichtsbicher vu muer" vum Bea Kne
.



Wéi wäert d’Joer 2015 eng Kéier an de Geschichtsbicher duergestallt ginn? Hoffentlech net an engem Otemzuch mat de Joren 1914 an 1939, mä ganz sécher kann een sech do net méi sinn. Oder als dat Joer an dem mer awer nach d’Kéier kritt hunn? A wéi eng Konsequenzen, gewollten oder ongewollte, wäert d’Verhale vun de politesche Responsablen hunn? Den Ament ass just eent kloer: d’Welt ass amgaang sech vu Grond op ze veränneren, an all politesch Decisioun déi elo getraff gëtt, weit dowéinst ëmsou méi schwéier.
Mä iergendeng Kéier wäerten d’Biografië vun all deene politeschen Acteure geschriwwe ginn, Historiker wäerten all Detail, all Ausso an all Evenement ënnert d’Lupp huelen, aus der privilegéierter Perspektiv déi nëmmen d’Zäit engem gi kann. Eenzel Politiker wäerten dobäi gutt oder manner gutt ewechkommen, den een oder anere wäert an d’Geschicht agoen, ob als Held oder als Béisen, als gescheit oder inkompetent, dat muss sech nach weisen.
An dat hänkt ganz sécher och dovun of, wien déi Geschichtsbicher eng Kéier schreiwe wäert, well och de Geschichtsbicher däerf een net ëmmer alles gleewen.

Ech si mer net sécher ob ech gäre wéilt virwëtzen, wann dat da méiglech wier. Ech hoffe just, dass déi Leit déi de Laf vun der Geschicht beaflosse kënnen, sech hirer Verantwortung bewosst sinn, an net nëmmen un déi nächst Wahlen an hire kuerzfristege Profit denken. D’Mënschheet huet jo schonn dat eent oder anert Geschichtsbuch produzéiert, aus dem een eventuell och eppes léiere kéint. Op alle Fall wënschen ech mer fir 2016, dass et en absolut langweilegt Joer gëtt, iwwert dat net vill muss geschriwwe ginn. Et kann ee jo emol hoffen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.