Apropos vum Daniel NepgenKeep it simple

Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet? Den Daniel Nepgen huet sech seng Gedanken zu deem Sproch gemaach, pünktlech fir d'Relance vun enger Filmsaga, déi him am Laf vun de Joren immens vill Freed an awer och Misär gemaach huet.

Déi lescht kéier, wéi ech elo op d'Auer gekuckt hunn, waren et nach 8 Deeg, 15 Stonnen, 10 Minutten a 5 Sekonnen. Esou laang muss ech mech nach gedëllegen, fir de "Star Wars" Episode VII ze gesinn.

Den George Lucas huet mat den éischten dräi Episode meng Kandheet geprägt. Keng aner Filmer hunn ech esou dacks op ausgeleierte VHS-Kassette gekuckt. De Lucas hat trotz butzegem Budget d'Limite vun der deemoleger Tricktechnik voll ausgereizt. Et gouf alles mat prakteschen Effekter realiséiert, gréisstendeels mat Miniaturen. D'Filmer ware visuell imposant, awer net iwwerlueden. Och net emotionell iwwerlueden, obwuel vu Witz iwwer Spannung bis Trauer alles dra war. D'Filmer hate Plaz fir z'otmen. Dat, wat net gewisen oder just niewebäi am Dialog als Anekdot verzielt gouf, huet ee sech mat der eegener Imaginatioun dobäi gesponnen. De Lucas huet bei der éischter Trilogie zwar d'Iddi an d'Visioun geliwwert, mä d'Ausféierung hu gréisstendeels anerer assuréiert.

Bei der zweeter Trilogie, déi 1999 lancéiert gouf, souz hien net nëmmen dräi mol um Regiestull, mä war och dräi mol fir d'Dréibuch zoustänneg. E konnt ongebremst wurschtelen, kritesch Stëmme gouf et a sengem Staff wahrscheinlech net. D'Schauspiller si bei dëse Prequels virun allem viru sougenannte "Green Screens" gefilmt ginn an herno a steril digital Welte gepecht ginn. D'Filmer waren visuell total iwwerlueden, well alles u Computereffekter benotzt gouf, wat d'Maschinnen hierginn hunn. Et konnt een net méi dreemen. Et war Waterboarding fir meng "Star Wars"-Séil.

Dobäi ass d'Rezept relativ einfach: manner ass méi, net nëmmen am Kino. Lauschtert de leschten Album vum Adele, dee grad all Rekorder um Planéit brécht. Déi meescht Lidder sinn immens spuersam instrumentéiert. E Piano, eng Stëmm. Méi brauch déi britesch Sängerin meeschtens net, fir eis vum Hocker ze geheien. Mä dat ass et: d'Adele brauch sech mat senger Stëmm net ze verstoppen. Eng gutt Geschicht muss sech am Kino och net hannert Effekter verstoppen. Ech ginn zou, dass ech nach ëmmer Héngerhaut kréien, wann ech e Liichtschwert oder e "Millennium Falcon" um Kinoecran gesinn. Mä d'Héngerhaut gëtt net doduerch méi grouss, dass der op eemol honnert opdauchen. Ech hunn dann nämlech guer kee Bezuch méi dozou, de Kapp leeft iwwer mat Input.

Just well haut technesch alles méiglech ass, muss een nach laang net alles maachen. Ech lafe jo och net an de Supermarché a kafe mir all Wäin deen do steet, just well ech mir et leeschte kann. Da léiwer just eng Fläsch, awer eng gutt. Ech hoffen de "Star Wars"-Cru 2015 gëtt e richteg gudden. Wann net, da gëtt alt erëm de Joergang 1977 aus dem Keller geholl.

Apropos: Keep it simple


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.