Apropos vum Roland KaltéDout!

Wann iergendeen esou aus dem Liewe gerappt gëtt, vun haut op mar, ni krank, och nach nit al, duerch wat och ëmmer, do gëtt een ëmmer erféiert. ’t kann dach nit sinn! Ma wéi dann?  Ech hunn deen dach nach ...

’t ass een nit d’accord, dass deen huet musse goen. Wat eng Ongerechtegkeet. ’t géing een am léifsten géint deem säin Doud protestéieren. Elo ass deen – zack – fort, existéiert nit méi. Eng Katastrof fir all déi, déi frou mat him waren.

 „Soll et och eng Katastrof fir ee selwer sinn?“, hunn ech mech alt emol scho gefrot, „fir nit méi z’existéieren“. Well ’t ass jo eigentlech esou wéi deemools virun engem senger Gebuert. War dat katastrofal?

Op alle Fall – ’t steet fest, dass et gutt ass um Liewen ze sinn. Den Doud ass e Verloscht, wa mer en um Liewe moossen, dat mer probéieren hei iwwert d’Ronnen ze kréien. Den Doud bedréit eis ëm all déi gutt Saachen, déi mer nach hätte kënne maachen. An en hëlt deem méi ewech, dee fréi stierft, wéi deem, dee laang lieft.

Wann ee géint eppes protestéiert, hätt ee jo gär, dass sech eppes ännert. Mä – géint den Doud protestéieren – sënnlos. Dout ass dout. Do gëtt et näischt méi z’änneren.

Mer kënnen eis him wuel nëmmen an de Wee stellen, wa mer d’Chance notzen, esoulaang mer liewen. Eppes aus deem Liewe maachen, eppes opweises hunn, keng Zäit verbëtzen. Verbëtzten Zäit ass verlueren Zäit. Elo liewen, genéissen.

't kann een och laang liewen, ouni aus sengem Liewen eppes ze maachen. Da war ee just laang do.

Ech géing awer am léifste géint e protestéieren. En huet keng Struktur, en huet kee Programm. Hei kéint en ze fréi, do ze spéit, kéint bei de Falschen....

Ech weess nit, ob e gerecht oder ongerecht ass... mä – en ass onberechenbar.

Mä, dat ass d’Léift och, an d’Liewen, an den Erfolleg, ... an d’Mënschen...



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.