Apropos vum Michelle ReiterDat antiquéiert Wuert Kaart

Firwat 'antiquéiert'? Sot Dir? Kaart seet dach nach all Mënsch. Et ass donieft och nach e Wuert, dat net duerch en neien Trendausdrock ersat gouf

Awer wann ee sou richteg iwwerleet, ganz dacks schwätze mer net méi iwwer dee Printartikel.
Fir mam Auto an d'Vakanz ze fuere fale mer se net méi wéi viru Joeren nach ausernee fir eis de Wee unzekucken, mir verloossen eis einfach op de Frënd Navi, oder d'Frëndin. Jo, deem klengen Apparat gleeft Mann souguer wann d'Fra him de Wee explizéiert.
Mä eigentlech wollt ech éichter iwwer eng anerer 'Kaart' schwätzen. Eng déi den viru Joeren ëm dss Zäit nach 'Héichkonjunktur' hat.
Wat war dat schéin, fréier, wann ee viru Chrëschtdag an d'Bréifkëscht gaangen ass an da loung do eng Enveloppe. Eng Enveloppe mat enger Kaart wou e puer léiwe Wieder fir d'Feierdeeg a fir dat neit Joer drop stoungen. E puer perséinlech Wieder wou deen anere sech fir t'éischt mol d'Méi huet misse maache fir déi 'Kaart' ze kafen. Dann huet déi Persoun sech gemittlech dohi gesat. Huet sech e schéinen Text ausgeduecht an deen da mat senger Sonndesschrëft op d'Récksäit vun engem schéin a mat Léift ausgesicht Bildche geschriwwen. Dann huet déi Persoun sech nach misse bei d'Post oder bei d'Boîte deplacéieren an dee klenge perséinleche Message ageheien.
Dat war vill Zäit investéiert. Gutt investéiert allerdéngs an d'Famill oder a Frënn un déi een natierlech och denkt wann een e puer Wuert an den Handy agëtt. Kloer deet et och gutt eng SMS fir d'Feierdeeg ze kréien. Awer et ass net dat nämlecht wéi déi gutt al Kaart.
Haaptsaach et denkt een un deen aneren. Dat ass richteg.
An do fält mer nach eppes an. Wéi schéi war et viru 'Facebook' wa Frënn oder Famill engem fir de Gebuertsdag gewënscht hunn.
Do wousst een nach ganz genee, ah, wéi léif, hien oder hat huet un däin Dag geduecht an et war een all Kéier gespaant wann den Handy 'geplingt' huet, fir ze kucke wiem een dann nach sou vill bedeit, dass en de Gebuertsdatum am Kapp, oder am Calepin huet.
T'ass scho schéin awer och e bësse faul wann een vun hot an har gratuléiert kritt, nëmme well den Zuckerberg Moies drun erënnert, dass et deem oder deem säin Dag ass deen een als 'Friend' a sengem Apparillo gespäichert huet.
Kamouditéit vun den neie Medien hinn oder hier. Et gi Saachen déi ware fréier méi schéin.
Also: 'be smart, schreif eng Kaart'. Deen dee se duerno aus senger Boîte fëscht wäert et 'liken'.
Iwréiens, deen Apropos vun Haut war net gesponsert vun där Firma déi mer fréier 'Post' geheescht huet. A wann der Iech frot, schreift hat dann nach eng Kaart?
Hat huet scho jorelaang keng méi geschriwwen.
Awer op deene fir d'Feierdeeg 2015 an de Gudde Rutsch an d'Joer 2016 fehlt just nach den Timber an da kënne se op d'Rees goen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.