Apropos vum Marie Gales15 minutes of fame

15 Minutte Berühmtheet fir jiddereen!

© rtl.lu
Apropos: 15 minutes of fame


Den Andy Warhol sollt Recht behalen, wéi en 1968 gesot huet, dass jiddere vun eis seng 15 Minutte Berühmtheet an Zukunft wäert hunn. Hien huet souguer 1979 nach emol ënnerstrach, dass e mat senger Behaaptung richteg loung. Allerdéngs soll den amerikanesche Kënschtler war awer net den éischten gewiescht sinn, deen zu dëser Erkenntnis komm war, de kanadesche Medienphilosoph Marshall McLuhan soll schonns sou Behaaptunge e bëssi éischter formuléiert hunn.

15 Minutte Ruhm fir all Mënsch?! Et kënnt engem wierklech sou vir, wéi wann all Mënsch et géif drop uleeë fir bekannt ze ginn. Ma firwat eigentlech, dierf een awer do froen?
Wat ass sou Besonnesches drun, dass ee Chrëschtdaagskichelcher baakt, déi fotograféiert, se op den Internet stellt an iergendee déi da like muss? A do wieren mir da beim Facebook. Déi beschte Maschinerie fir sech bekannt ze maachen. Oder Twitter, firwat muss ee Follower hunn wann ee sech mat senger Kaz fotograféiere léisst? Oder iergendeppes schreift an nees X Leit klicken dat un? 
Net dass Dir mengt, ech géing Iech do e béise Fanger maachen...nee nee nee, ech kann net immens gutt baken an ech  freeë mech iwwert all Recette, déi ech dann nach géif gemailt kréien wann ech dann deejéinege géif froen fir mir déi zoukommen ze loossen a Kazefotoe fannen ech ëmmer léif...
Mee ech froe mech, firwat droe Mënschen hiert ganz Liewen, nee besser nach hiert Iessen, well dëst gëtt och dacks fotograféiert, an d'Welt?

Ech war och mol aktiv op Facebook, hunn do dichteg geschriwwen wéi vill Kilometer ech alt mol gelaf hunn. Hunn natierlech déi schéinste Foto vu mir gepost an intelligent Spréch probéiert ze formuléieren. Hunn dann och  gewaart, dass ech vu wiem och ëmmer en Zousproch krut. Bis ech enges dags gemierkt hunn, wat fir en Zäitfrësser meng virtuell Welt war. Krass ausgedréckt hunn ech  mäi richtegt Liewe bal vergiess, well ech vu sougenannte Frënn aus aller Welt Bewonnerung oder ech weess net wat erwaart hunn. Ech hu mech do gefrot, wien soll dat interesséieren ob ech ginn oder lafen oder iwwer de Buedem krauchen?  
An sou Neiegkeete geeschtere zu Milliarden uechtert d'Welt an d'Netz, sou dass een dacks den Iwwerbléck verléiert wat dann elo nach wierklech wichteg ass a wat ee sech misst mierken a wouriwwer een och méi laang misst nodenken wéi just 15 Minutten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.