Apropos vum Christiane KremerVun hellegen an hellen Nuechten

D'Chrëschtvakanz ass eriwwer, alles leeft sou lues nees am normale Rhythmus a vun de Feierdeeg aus de leschten zwou Wochen, bleiwen e puer Gramm méi, mä hoffentlech och e puer besënnlech Gedanken an e puer intressant Gespréicher. Well och an dësen Zäite bleiwen Diskussiounen net aus, Christiane Kremer.

Diskussiounen, déi vrun allem gär op de gesellegen Amenter am Krees vun der Famill oder de Frënn opkommen, an ech hale mech elo wäit ewech vu private Problemer, mä gi méi op déi allgemeng Gespréichsthemaen an. Ugefaang domadder, wéi een dann elo dat Fest, dee Maart, dee Bam, déi Vakanz soll nennen, wann ee reliéis soll sou dezent sinn, wéi méiglech. Natierlech ass et dann net wäit bis bei d'Fro: Wat soll dat dann elo? Wie verbitt eis dat? Firwat duerfe mir Chrëschtdag, nieft der Relioun jo och eng Traditioun, op eemol net méi beim Numm nennen?

Op Chrëschtowend oder Hellegowend hat ech mëttes och nach an de Sozialen Netzwierker en Austausch gelies, an deem sech dermat beschäftegt gouf, ob net och d'Maria e Kappduch unhat, respektiv, wann een all Flüchtlinge géif aus der Krëppchen huelen, da wiere grad emol nach den Ochs an den Iesel iwwreg bleiwen.

Eng Woch méi spéit huet eng aner Polemik ëm sech gegraff: keng Knupperten op Silvester! E puer Gemengen hunn decidéiert, quasi vun haut op muer, all Freedefeier komplett ze verbidden, erlaabt ass et jo souwisou nëmme kuerz Zäit ronderëm Mëtternuecht vu Silvester op Neijoerschdag. An nees Froen: Wat soll dat? Wie verbitt eis dat? Firwat däerfe mer, besonnesch de Kanner, déi Freed net loossen?

Ech sinn emol net sou begeeschtert vu Knupperten, an ech weess jo och, datt de Kaméidi net fir jiddereen, besonnesch d'Déieren, gutt ze erdroen ass. Mä awer, wann dach jiddereen sech un d'Regelen hält, dann dierft an net emol enger Stonn déi Freed mat deem Feier aus an u sinn.

Wa jiddereen sech drun hält! Ech weess …

Ech hunn och vum Balcon aus, nogekuckt wéi faarweg Fonken aus allen Himmelsrichtungen duerch d'Loft geschleidert gi sinn an duerno an alle méigleche Formen erofgereent sinn. Mä all déi Rakéiten a Feierwierkskierper, egal wéi haart se gepouft hunn, egal wéi grell se geblénkt hunn an egal wéi séier se verpufft waren, kruten de leschten Donneschdeg den zweete Präis.

Ech war op alle Fall beim An-den-Himmel kucken, vill méi faszinéiert vun deem decken hallef-ronne Mound, dee wéi e Signal um Himmel houng a riicht duerch bis moies fréi geliicht huet.

En hat esou eppes vu Bestännegkeet a vu Rou a Gebuergenheet.

Och eng Manéier fir 2016 ze begréissen! Vläicht ass et e gutt Omen.

Apropos "Vun hellegen an hellen Nuechten"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.