Apropos vum Gibbes BertoloAgenda 2016

Geschwënn ass dat neit Joer 1 Woch al. Wéi war dat scho méi mat deene gudde Virsätz? Apropos, Gibbes Bertolo ...

Neen, hei gëtt elo keng Moralpeitsch erausgeholl fir ze kontrolléieren, ob dann och wierklech nach keen eng ugemaach huet an ob d'Wo da scho vläicht 1 oder 2 Kilo manner uweist.

Virun engem gudde Mount hunn ech mer, wéi och schonn déi Joere virdrun, d'Fro gestallt, resp. eventuell virgeholl mäin Alldag am neie Joer just nach mam smarten Telefon z'organiséieren. Wëll soen: mäi gudden alen, 12 op 9 Zentimeter klengen, an däischter-brongt Lieder verkleeten ... Agenda ... wier dann elo definitiv zeideg fir d'Pensioun. Mir sinn 2016 a sollte jo dann awer vun allem profitéieren, wat Hightech eis proposéiert fir d'Liewen ze vereinfachen. D'Rendez-vouse beim Zänndokter, de Meeting mam Chef, de Gebuertsdag vun der Kusinn, d'Reservatioun an der Pizzeria - alles an digitaler a präziser Fassong am klengen Apparat gesaved, zu all Moment mat e puer Touchen a Scrollen ofruffbar a wann et néideg ass gëtt een och nach zum ideale Moment drun erënnert.

Dee ganze Joeresplang op engem Chip mémoriséiert an, wann een dann och nach, wéi sou vill anerer, an deen ominéisen Apel gebass huet, via Wollek op aner Supporten transplantéierbar. Et kléngt esou einfach a praktesch an ass et bestëmmt och.

An awer ... konnt a wollt ech mech och déi Kéier net vu mengem treien a rustikalen Notizblock trennen. Vun deenen 52 Pabeiersblieder, 1 Woch op 2 Säiten, vum Plastikslineal, vum klengen awer renge Bic. Ech wor, wéi ëmmer, 1 ganzen Dag domadder amgaangen, d'Gebuertsdeeg vu Famill a Frënn an deen neien Agenda ze schreiwen, fir déi divers Poubellesdeeg (gro, gréng, blo, giel) mat deene respektive Faarwen ze markéieren, 2 Concerten an der Phil, 2 an der Rockhal, d'Schoulvakanzen, den Délai fir d'Steieravancen, ... alles mat der Hand op engstem Raum ze kritzelen. Jo, heiansdo hunn ech och nach Tipp-Ex benotzt, wann eppes net méi up to date war. Dat wollt ech awer an Zukunft op der Säit loossen.

Zum Gléck si mer der an de vergaangene Deeg nach e puer iwwert de Wee gelaf, déi zouginn hunn, datt och si nach op déi Manéier wëlle funktionéieren. Dat huet gutt gedoen.

Allez - dëst Joer nach an dann awer 2017. Da ginn Neel mat Käpp gemaach, da kënnt dee ganze Buttek op de Smartphone. Hunn ech mol einfach virgeholl. Mä Dir wësst jo, wéi dat mat deene gudde Virsätz ass ...

Apropos



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.