Apropos vum Rich SimonOfhuelen

Wann een den Ament Telé kuckt, da gëtt een während de Reklammen iwwerschott mat Produite fir ofzehuelen, respektiv mat Fitnessprogrammer fir a kuerzer Zäit esou vill wéi méiglech Kiloen ze verléieren. De Rich Simon hat sech och vill an deem Zesummenhang vir geholl. Um Enn koum awer alles ganz anescht.

An dat ass menger Nopesch hir Schold. Mee der Rei no. Ech wollt dëst Joer net de Feeler maachen deen ech déi Joere virdru gemaach hunn. An zwar dee, fir réischt een „Ofhuelplang“ ze organiséieren nodeems ech op der Wo festgestallt hunn, dass ech alt nees ze vill iwwer d'Feierdeeg giess a gedronk hunn.

Also huet meng Preparatioun schonns Ufank Dezember ugefaangen. Um Internet hunn ech recherchéiert wat fir ee Produit fir mech wuel dee beschte wier fir ofzehuelen. Schliisslech ass dat, wann een de Reklamme ka gleewen, déi einfachste Method fir Kiloen ze verléieren. Ganz nom Motto. Partisan du moindre effort. Well ech awer net nëmmen dem Pudder déi alleng Responsabilitéit wollt iwwerloosse fir meng Kiloen ze attackéieren, hunn ech och den Hometrainer nees eraus geholl an dee Mol nees an d'Rei gesat. Deen hat nämlech ee Wanterschlof vu geschätzten 3 Joer hannert sech.

A well ech de Charakter hunn Saachen dacks extrem ze maachen amplaz se mol roueg ugoen ze loossen hunn ech mir gesot, dass ech dann awer wat dat kulinarescht géif ugoen, am Dezember nach emol esou richteg kéint kartonéieren. Ech wollt et net just op Hellegowend, Chrëschtdag, Stiefesdag an Après-Stiefesdag respektiv op Silvester, Neijoerschdag an Après-Neijoerschdag ukomme loossen. Meng Iwwerleeung war; Wat s de méi zou hëls wat s de méi kann's ofhuelen. Et kléngt jo awer wierklech besser, wann s de engem kann's soen: Ech hunn 9 Kilo ofgeholl amplaz just 3. Déi eenzeg kleng Fräiheet déi ech mir erausgeholl hat war déi, dass ech net den 1. Januar mat mengem Regime géif ufänke, mee réischt méindes de 4. De Weekend wollt ech nach emol genéissen....
Ech hat mir och keen neie Silvester Kostüm kaaft. Deen alen hat zwar seng beschten Zäit hannert sech. Ech wollt d'Suen awer net zu Fënster eraus werfen. Schliisslech bréicht ech fir Silvester 2017 jo ee neie mat minimum 2 oder 4 Gréisste manner.

Je ech hat alles bis an de leschten Detail iwwerluecht an organiséiert. An du koum meng Nopesch. Méindes de 4. Januar. Ënnert dem Aarm eng bleche Këscht mam Tintin drop. Dee Moment wousst ech wat d'Stonn geschloen hat. Et war mäin Neijoerschdag's Kaddo. Eng Këscht voll mat Macaronen. Natierlech mat Eeër vu fräilafenden Hénger, Zocker aus dem fairen Handel a Miel vun hei heem gemaach. Ech hat also keen Argument fir déi Këscht net unzehuelen. Hätt ech dat gemaach hätt ech déi gutt Relatioun zu menger Nopesch op d'Spill gesat. An dat wollt ech net. Lo hu Kollegen a Frënn zu mir gesot, dass ech se jo hätt kéinten unhuelen a se awer net hätt mussen iessen. Wéi hätt ech dann do gestane wa meng Nopesch mech gefrot hätt wéi se da geschmaacht hunn? Einfach soen si wiere gutt gewiescht? Nee dat sinn ech net. Ech hu mir all eenzele Macaron op der Zong zergoe gelooss. An d'Resultat ass? Douse mat ofhuel Produite sti bei mir doheem, den Hometrainer huet säi Wanterschlof verlängert an Tintin's Këscht ass eidel.

Iergendwéi muss ech mech dat nächste Joer nees anescht organiséieren. Obwuel? Op d'Macaron wëll ech net verzichten. Dir wësst schonns....wéinst der Nopesch....

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.