Apropos vum Roland KaltéJoreswiessel

D’Iddi an d’Gedanken vun dëser Chronik hunn ech e bëssi geknäipt, beim Georges Vuillermoz a sengem Bäitrag viru 36 Joer am „Auf ein Wort“ um däitschen RTL, deen ech mer seelen entgoe gelooss hunn.
An erëmfonnt hunn ech en a sengem Buch „Diese 3 Zentimeter“.
 
„Vill Gléck am neie Joer“ hu mer eis vru kuerzem gewënscht, oder maachen et nach ëmmer.  Esou wéi all Joer, esou ass et Brauch, ob mer et ëmmer ganz éierlech mengen, ass eng aner Saach.
 
A vun dem Gudden, deem Gléck, dat dat neit Joer eis brénge soll, si mer och nit esou richteg iwwerzeegt. Oder? Esou wéi d’Welt de Moment ass, déi vill Onrou, Krisen, Kricher, alles hu mer mat eriwwer geholl.
 
A mer selwer – bleiwen och am neie Joer déi Al. Mat all eise Vir- an Nodeeler. An dofir steet een am Neie Joer ëmmer esou e bëssi verleeën do. Nit onbedéngt mat vollem Schwonk, mat neiem Elan, mä éischter e bëssi resignéiert. E jo, wann een heiansdo nei ufänke kéint, géing ee villes anescht maachen. Verschidde Feeler nit nach eng Kéier. Op verschidde Kräizungen um Liewenswee géing een an déi aner Richtung goen. Da wier ee verschidde Leit nit begéint, hätt Verschiddener anescht behandelt, hätt sech Verschiddenes nit gefale gelooss. Wann ee nach eemol nei ufänke kéint, esou wéi dat Neit Joer...
 
Mä – ass jo onméiglech. An ech mengen, ’t ass och gutt esou. All eis Erfahrungen, déi mer gemaach hunn, wiere jo dann och duerch d’Päif. Déi gutt an déi manner gutt, op déi mer eist Liewen opgebaut hunn, déi eis weiderbruecht hunn. An haaptsächlech déi manner gutt sinn et dach, déi eis  forméiert, déi un eis gefeilt a geschlaff, eis weiderbruecht hunn.
Dofir – statt wéi d’Neit Joer nei unzefänken, léiwer dat Gelieftent aus dem Alen an all deenen anere virdrun mat eriwwer huelen, draus léieren, drun zieren, dat Bescht draus maachen.
 
Ah jo, ier ech et nach vergiessen: Vill Gléck am neie Joer!

Apropos "Joreswiessel"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.