Apropos vum Bea Kneipeinfach laachen

Laachen ass gesond, dat behaapt d'Bea Kneip am Apropos vun haut...

Humor ass, wann een trotzdem laacht...a wien sech regelméisseg mat der Aktualitéit beschäftegt, dee kéint zur Iwwerzeegung kommen, et géif hautdesdaags net méi vill ze laache ginn. An de läschte Wochen a Méint ass een deene schlechten Noriichte jo guer net méi aus de Féiss komm. Mä iergendeng Kéier kann een et net méi héieren, et géif een am léifste fortlafen, an eng aner Welt flüchten, an der een eben net alles esou serieux muss huelen. Mir geet et an der Läscht ëmmer méi dacks esou. Dat heescht net de Kapp an de Sand ze stiechen, et ass einfach nëmmen eng Auszäit déi engem hëlleft déi méi grav Säite vum Liewen z’erdroen, driwwer ze laachen an se esou besser ze meeschteren . D'Satire spillt do eng wichteg Roll, mä och aner Forme vu Komik hëllefe weider. Sief et e Louis de Funès den no alle Regele vun der Konscht aus der Haut fiert, e Fernandel den als Don Camillo dacks genuch manner helleg ass wéi de Bëschof et erlaabt, oder e klengkaréierten Egoist wéi de Mister Bean dee garantéiert aus all Klengegkeet eng Katastrof zaubere kann... Alles Personnagen déi iergendwéi en Defekt hunn, an awer sinn se onwiderstehlech. E perfekte Mënsch ka wahrscheinlech och guer net witzeg sinn...ausser natierlech e rutscht aus a fält de laange Wee an de Bulli...da kritt een sech net méi a vu Laachen. Wat ee méi laang doriwwer nodenkt, wat et méi schwéier ass den Humor u sech ze paken ze kréien. Wat ass witzeg, a firwat? Natierlech ginn et Dictionnaires-Definitioune vun Humor, an et fënnt een och eng Rei vu Kritären déi op déi meescht witzeg Situatiounen zoutreffen. Trotzdem schénge mer eis eege Laach net ëmmer ganz ze verstoen. Computere kënne jo bekanntlech alles oder esou gutt ewéi. Mam Humor dinn se sech awer schwéier. Et ass wuel scho probéiert gi fir digital Witzer ze generéieren, den Erfolleg hält sech awer a Grenzen. D’Phänomen Laache schéngt also méi komplex ze sinn wéi ee menge kéint...Dobäi gëtt et souguer eng Wëssenschaft déi sech domat beschäftegt, mat dem schéinen Numm “Gelotologie”. Bei esou engem Zongebriecher kann engem d’Laache scho vergoen! Mä keng Suerg, et muss ee kee promovéierte Gelotolog sinn, och hei gëllt: learning by doing. An dem Sënn: loosst Iech de Spaass net verdierwen!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.