Apropos vum Yann LogelinWiem gehéiert den Internet?

Am Apropos vun haut de Moie mécht de Yann Logelin sech seng Gedanken iwwert eppes wat aus eisem Alldag net méi ewech ze denken ass:

Déi Fro déi ech de Moie stellen ass éischter eng philosophesch, mä eng, iwwert déi ech nawell länger nogeduecht hunn, nodeems ech se vun engem Mann aus dem Fach, vun engem Informatiker gestallt krut. Wiem gehéiert eigentlech den Internet?

Eng Äntwert dorop ze fannen ass net esou evident. Esouguer Google, den absoluten Herrscher a punkto Recherchen am World Wide Web gëtt eng op dës Fro keng eendeiteg Äntwert. Am Contraire zur Fro, wien den Internet, also d'Méiglechkeet Daten iwwert Telefonsleitungen ze verschécken, erfonnt huet. Esou kann dëse bis an déi spéit 1950er zeréck verfollegt ginn, wéi den amerikanesche Psychologe J.C.R. Licklider, den Direkter vun enger Recherche-Unitéit beim Pentagon, den Datenaustausch mat an tëscht Wëssenschaftler iwwert technesch Netzwierker erméigleche wollt. An den 1960er ass esou den Arpanet, de Virleefer vum Internet entstanen, iwwert dee vun 1971 un E-Maile konnte verschéckt ginn.

De groussen Duerchbroch an de Schrëtt vun engem quasi komplett militäreschen Netzwierk, wat awer och vun Universitéite benotzt ginn ass, zu engem Netz, wat fir all Mënsch op ass a vu jidderengem benotzt ka ginn, ass dunn 1989 geschitt, wéi de Brit Tim Berners-Lee vum CERN ze Genève den HTML-Encodage entwéckelt huet, mat deem haut de Contenu vum Internet strukturéiert gëtt.

Allerdéngs weess een esou nach ëmmer net wiem den Internet gehéiert an och d'Google-Äntwert op d'Fro bleift richteg vague. Hei heescht, dass den Internet éischter e Konzept, eng Iddi ass, déi kenger eenzelner Persoun oder Organisatioun gehéiert, héchstens Deeler vun der Infrastruktur géife verschiddenen Entreprise gehéieren.

An de Groussdeel vun där Infrastruktur gëtt vun engem Grapp voll Entreprisë geréiert an um Lafe gehalen, ouni dass awer wierklech ee wësse géif, wat geschéie giff, wann op där enger oder anerer Plaz e wichtege Backbone op emol ewech brieche géif oder einfach emol ofgeschalt géif ginn.

Dat ass bis ewell och ni geschitt. Den Internet ass do a funktionéiert, och wa kee wierklech weess wéi eng technesch Ressourcen am Hannergrond musse goen, fir dass net dat ganzt Netz kollabéiert. Mä stellt iech emol fir, den Internet géif muer einfach net méi goen...

Virun 20 Joer wier dat kaum e Problem gewiescht, mä haut dierft e Groussdeel vun der Infrastruktur, déi mer all Dag notzen, net méi ze gebrauche sinn, respektiv um Lafe gehale kënne ginn. Bal alles ass ewell vernetzt a wann do een de Stécker zéie géif, dann hätte mer wuel konkret Problemer, vum ëffentlechen Transport iwwert de Stroumreseau bis bei d'Liwwerung vu Liewensmëttel an de Supermarché an dee mer all Dag akafe ginn.

Mä villäicht ass et och grad esou gutt, dass kee genee weess, wiem den Internet gehéiert, well wann eng eenzeg Organisatioun dëse besëtze géif, wiere mer dëser Firma mat Haut an Hoer ausgeliwwert. Hoffe mer just, dass den Internet och déi nächst Joeren esou problemlos viru funktionéiert wéi en et zënter den éischte Versich mam Arpanet an den 1960er gemaach huet, soss géife wierklech eng Kéier domm kucken, oder?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.