Apropos vum Daniel NepgenIeren ass gëttlech

Gutt, dass de Mënsch d'Sprooch erfonnt huet. Well nëmmen, wann ee sech ënnertenee verstännege kann, ass e soziaalt Zesummeliewe méiglech. Den Daniel Nepgen gräift haut mat béiden Hänn an eis sproochlech Geschirkëscht. Viru kuerzem war him an enger Diskussioun eppes opgefall.

Elo wéini huet eng Bekannte vu mir vun engem groussen "Arsenal" geschwat, an deem sech eppes ofgespillt huet. Ech mengen, si wollt eigentlech "Areal" soen. Sou Ausdréck geheit ee séier duercherneen an engem laange Gespréich. Wou gehuwwelt gëtt, falen Téin. Mä, t’ass net schlëmm. Mëttlerweil kucken ech bei esou Saachen duerch d’Zéiwen. Et ass jo nach kee Meeschter vum Daach gefall. Ausserdeem: vum Fale léieren d’Kanner froen.

Déi Persoun muss een dann op de Feeler opmierksam maachen, kuerz a präzis. Dat passt am Idealfall wéi d’Fauscht op d’Fra. Et muss een awer héiflech bleiwen. Wie gutt schmiert, dee gutt kiert. Eng Hand wäscht d‘Indianer. An do dierf engem de Gedoldsfuedem och net direkt platzen, well Roum gouf och net an engem Dag geklaut. Gewunnechten änneren, dat brauch Zäit. De Virdeel ass: schwätzen, dat geet vun der Long op d’Zänn. Do verzeit ee Feeler och méi séier. Et gëtt keng Zopp esou waarm g’iess, wéi se kaf gëtt. Et muss een awer konsequent sinn. Wien A seet, muss och Beem schloen. Bal, ass nach keen Hues an der Mall. Soss mécht ee sech herno Virwërf. Hätten an Haten, dat waren zwou aarmer Raten.

Ech sot menger Bekannten, dass si sech eng Dictionnaires-App kéint eroflueden, fir esou Wierder nozesichen. Wat een net am Kapp huet, muss een aus dem Stee schloen. Do muss d’Kierch awer am Gruef bleiwen. Et huet kee Wäert sech an Onkäschten ze briechen, fir esou e Programm ze kafen. Et muss ee sech der Decken no bécken. Esou wichteg ass et net, kleng Feeler ginn am Gespréich souwisou ënner. Nuets sinn all d’Kaze blo. Et muss een net all Wuert op den Dësch leeën. Mä, probéiere geet iwwer blaméieren. Et soll een net mengen, déi faulst Sau hätt dat gréisst Lach. Well domat schéisst ee sech an dat eegent Fleesch. Do muss ech wierklech d’Kand beim Krunn kämmen. Wann den Hond net geschass hätt, hätt en d’Kéier kritt.

... wat ech soe wollt: jidderee ka säi Wuertschatz erweideren. Et muss een et just wëllen a probéieren. Den Appetit kënnt iwwert dem Verdauen. Dir wësst jo: wie fir d‘lescht laacht, laacht am längsten. Och wann d’Beem net an den Himmel luussen.

Apropos: Ieren ass gëttlech


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.