Apropos vum Sandra MélanLiichtmëssdag

Ech kenne bal keen, deen net gäre liichte gaangen ass, respektiv liichte geet.

D’Opreegung war, bei mir op alle Fall, ëmmer grouss: wéi vill een um Enn vum Dag zesumme kritt huet, sief et u Séissegkeeten oder  u Suen. Op de Lampion war ech natierlech ganz houfreg. D’Liitchen huet misse funktionéieren, an et huet näischt un dee Lampion däerfe kommen.
Do wou ech als Kand liichte gaange sinn, si mer zu puer vun Haus zu Haus gaangen, hu gesongen a waren ëmmer begeeschtert wann d’Dier opgaangen ass.

Eppes wat haut zu Daags ëmmer manner de Fall ass. Déi lescht Joeren huet een ëmmer rëm héieren, datt d’Kanner virun zou ënnen Diere stoungen. D’Enttäuschung hält sech bei vereenzelte Fäll vläit a Grenzen. Op Facebook hunn ech scho Message gesinn, wou Elteren d'Awunner vun hirer Gemeng opruffe fir de Kanner haut d’Dier opzemaachen.
Op  ville Plazen am Land gëtt  d’Liichten organiséiert, zum Beispill vun der Elterevereenegung. An um Enn ginn d’Kanner an e Sall alles opdeelen, eventuell mat engem gudde Schocki. Et gëtt engem dach waarm ëm d’Häerz wann dann och d’Kanner owes e Liichten an den Aen hunn, wann den Nomëtteg ganz positiv verlaf ass.
 
Op der anerer Säit solle vill Leit sech déi lescht Joeren gutt preparéiert hu fir Liichtmëssdag eppes fir d’Kanner am Haus ze hunn. Mä leider huet et net un der Dier geschellt.
 
Ech fannen et wichteg, datt dëse Brauch bestoe bleift. Et ass dach fir jidderee flott, ob Kand, ob Erwuessenen, wann d’Dier opgeet, wa gesonge gëtt a wann et dofir eng Belounung gëtt: Séissegkeeten oder Suen.  
 
Sou en ale Brauch ass dach wichteg, besonnesch an der haiteger Zäit, déi vun Technik dominéiert gëtt. Eng Plaz wou ech mir déi Technik awer net kann an net wëll virstellen, ass beim Liichten. Oder gesitt Dir d' Kanner am Plaz vum Lampion, mat enger extraer App um Smartphone sange goen: Leiwer Herrgottsblieschen, oder hei kënnt dee klenge Kinnek?