Apropos vum Roland KaltéWaffen

Och Wierder kënne Waffe ginn!

"Eng Waff ass eppes, fir Liewewiesen a Konfliktsituatiounen physesch oder psychesch handlungsonfäheg ze man“ heescht et.
Waffen, do dénkt een u Messer, Revolver, Fléint, Bomm, Minnen, Panzer...
't gëtt awer nach eng Waff, un déi ee nit direkt dénkt. Waffeschäin nit néideg a mer hunn s’all:
Eis Sprooch. Eis Wierder.
„Wort“, dat Lidd vum Udo Jürgens, Text vum Oliver Spiecker, fréier mol Speaker hei beim däitschen Radio Lëtzebuerg, bréngt et eigentlech schéin, mat de Berliner Philharmoniker hannendrun, op de Punkt:
"E Wuert ass Gedankenelement, kann Illusioun oder onbegräiflech sinn.
Et dréit e Symbol, kann iwwerluede sinn, oder huel. Engersäits lues an douce, kann et anerersäits Risemuecht hunn.
E Wuert ka Krich a Fridden diktéieren. 't gëtt mëssbraucht, falsch zitéiert. 't gëtt dermat sensibiliséiert, manipuléiert, kommandéiert. 't kann zäertlech sinn a warem, awer och äiskal."
Alles, wat mer héieren, wat mer liesen, wéi mer schwätzen, näischt formt a beweegt a prägt eist Dénken an Handele méi wéi dat mächtegt Wuert.
Bestëmmt eis Sprooch eist Dénken? Dénke Mënschen an ënnerschiddleche Sproochen vläicht esouguer ënnerschiddlech? Sproochfuerscher si sech nit eenz. Op alle Fall - Wierder sinn helleg. Si droen eis Hoffnungen, eis Ängschten, eis Wënsch, eisen Trouscht. Mer erschafe mat hinnen d’Philosophie an d’Utopie, d’Poesie an de Witz.
All Sprooch huet seng Melodie an den Toun mécht d’Musek. Ass e schaarf, aggressiv, granzeg, rosen oder zynesch, da ginn eis Wierder a Richtung sproochlech Gewalt. Also ëm Muechtuspréch, Entwäertung vun deem aneren, fir sech selwer staark ze man.
Sprooch ass eng Konscht. De richtegen Tounfall, déi richteg Wierder, Pausen. Pause sinn och wichteg, esouguer d’Längt vun der Paus.
An esouguer, wann ee geleeëntlech näischt seet, kann oder wëllt een domat eppes soen. Näischt soen, keng Wierder iwwer eppes verléieren ass fir deen aneren eng Situatioun, déi schwéier z’erdroen ass. Nit schwätzen ass also och eng Kommunikatioun.
Eh jo, eng schwiereg Geschicht, déi Sprooch do mat hire Wierder a Pausen an Téin a Co. An, wéi gesot, eng geféierlech. 
04.02.2016 APROPOS WAFFEN

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.