Apropos vum Marie GalesNolauschteren

© rtl.lu
Apropos Nolauschteren, Marie Gales huet sech dozou seng Gedanke gemaach!
Apropos Nolauschteren


De Saz, dee mäi Mann dacks zu mir seet, ass: ''Ma dach ech lauschtere ganz genee no'', wann ech alt mol nees froen: ''Lauschters du mir iwwerhaapt no?''
An ech gleewen him och, dass hien dat mécht, also mir nolauschtert. Am Fong ass d'Fro och net ganz richteg gestallt. Besser wier: Verstees du mech?
Mee do wiere mir schonns bei engem erweiderten Thema, dozou och gläich méi.

Komme mir awer op den eigentleche Sujet zréck, dem Nolauschteren. Firwat ginn ech d'Impressioun net lass, dass ëmmer manner nogelauschtert géif ginn? Iwwerall an bei ville Mënschen? Hu mir verléiert nozelauschteren?
Ech si mir bewosst, dass een dacks dem Geschwätz midd ass an een net méi nolauschtere kann. Och fir sech vläit ze schützen? Déi selwecht Leier vun ëmmer de selwechte Mënschen kann nerven oder Neiegkeeten aus aller Welt, déi mir einfach net méi erdroen an eis erofzéien...da lauschtert ee vläit wech.
An iwwerall gëtt geschwat... sou vill dass ee vu lauter Geschwätz net méi richteg dat héiert, wat ee soll!

Mee Nolauschteren ass immens wichteg. Et ass éischtens de beschte Wee fir eppes gewuer ze ginn an och eppes derbäi ze léieren. Huet een an der Schoul méi genee nogelauschtert, huet een bei den Hausaufgaben direkt geschnallt vu wat de Professer virdru geschwat huet.
Et ass och eng Form vun der Héiflechkeet, wann ee schwätzt zum Beispill eng Ried hält, do kënnt déi beschte Kannerstuff zum Virschäin, wann een da selwer de Mond hält an där Persoun och nolauschtert.
Net nolauschteren kann och geféierlech ginn. ''Ah ech hat dat awer gesot!''
A Sätz : ''Jo wann ech dat gewosst hätt!'' sinn da wéi schlamm Geessen, déi kommen och ze spéit.

Ma komme mir nach zum zweeten Deel vum Nolauschteren. Gutt Fro: Wat kënnt iwwerhaapt un bei deem engen vun deem wat een anere schwätzt. Gëtt de Message richteg verstanen? Och wichteg! Do kann ech nees d'Beispill vun der Schoul huelen. Do huet een alt net ëmmer alles sou verstanen, wéi et da wierklech sollt sinn. An der Prüfung huet een dat da spéitstens gemierkt.
    
Also nolauschteren ass wichteg, mee sech och sou matzedeelen, dass et richteg verstanen gëtt ass och net ze ënnerschätzen. Nëmme sou kann eng richteg gutt Kommunikatioun zustane kommen. Iwwregens schéin, dass Dir mir nogelauschtert hutt..

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.