Apropos vum Gibbes BertoloGroussen Ibra !

Den Owend steet hien nees am Mëttelpunkt, wéi sou dacks schonn. Déi éischt Aachtelsfinale vun der UEFA-Championsleague tëscht dem PSG an Chelsea, mam Superstar Zlatan Ibrahimovic, op deen dann nees all Blécker geriicht sinn. Dem Gibbes Bertolo ass awer eng manner spektakulär Aktioun vum Ibra opgefall, déi ëm sou méi Opmierksamkeet verdéngt ...


Den Typ polariséiert. Engersäits dominant, arrogant, eegesënneg, eng Diva, en enfant terrible. Anerersäits de geniale Foussballer, deem heiansdo déi geckegst Tricke glécken. Wien et awer wot, hien ze betricksen, bäisst op Granit, net nëmmen um grénge Wues. Vläit hutt der dee kuerzen Intermezzo vu viru knapp zwou Wochen och selwer matkritt oder gesinn, fir all déi aner: hei e klenge Resumé:

Et ass eng Zeen, déi ee mëttlerweil gutt keent. Zwou Equipe sti prett an de Katakombe vu Stadion, all Spiller kritt e Kand u seng Säit, dat dann déi grouss Éier huet, zesumme mat sengem Idol (oder och net) virun Dausende vu Leit op den Terrain ze lafen. Bei enger Parti an der franséischer Ligue 1 tëscht St. Etienne a Paräis hat dann esou ee klengen Nowueskicker dat grousst Lous gezu fir mam Superstar Zlatan Ibrahimovic Hand an Hand an d'Arena ze marschéieren. Kuerz ier et sollt lassgoen, huet dunn e Papp kuerzerhand dee klenge Bouf no hanne gezunn an, aus der 2. Rei, säin eegene Fils ganz no vir un d'Säit vum Kapitän a Joerhonnertstiermer plazéiert. Ganz onopfälleg an diskret, wéi wann do eng kleng organisatoresch Verwiesslung hätt misse riicht gebéit ginn.

Déi Aktioun ass dem Zlatan allerdéngs direkt opgefall. Douce awer bestëmmt huet e säin neie Juniorpartner nees no hanne beuerdert an dee Jong, deen him am Fong geholl vun Ufank un zougewise war nees direkt u seng Säit geholl. De Papp krut e rosene Bléck an deem Klengen, deem säin Dram bal zerplatzt war, huet de Schwed nach frëndschaftlech iwwert de Kapp geheemelt.

Ech war bis viru Kuerzem ni e grousse Frënd vun der Persoun Ibrahimovic. Mä mat deem klenge Geste do huet en, bestëmmt net nëmme bei mir, onheemlech vill Sympathiepunkte gesammelt. E subtilen humane Moment an deem knallhaarde Profibusiness, deen einfach nëmme gutt gedoen huet.

Net nëmme wéinst sengen 1,95: Groussen Ibra !



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.