Apropos vum Michelle ReiterSolden op der Tankstell!

Eppes klenges iwwer 1 € de 95er an den 98er, e gutt Stéck ënner dem €uro den Diesel. Mat engem klengen Auto geet ee fir 40 € voll tanken. Schéi fir eis, mengt d'Michelle Reiter.

Awer, deem enge seng Freed ass deem anere säi Leed. Mir gi manner Suen aus, genéissen dat Bild wa beim Diesel Zuel vun de Liter méi grouss ass wéi déi vun den €uroen. A wier ech net zoufälleg op een Artikel gestouss dee mer gewisen huet wéi deen niddregen Uelegpräis sech op ville Plazen op der Welt auswierkt, hätt ech, wéi sou muncher een gehofft ze erliewen, dass dee Präis nach méi erof geet.

D'Uelegland Venezuela huet déi héchst Inflatioun op der Welt, 140 % an d'Faillite vum Land ass ganz no. Zentralbank gëtt net méi fäerdeg mat Suen nodrécken. 3 Doze Fligere voll mat neiem Boergeld sollen an de läschte Wochen zu Caracas gelant sinn.

De Rubel a Russland mécht senge Leit ze schafen. Konnt een de Change soss mat eisem fréiere Lëtzebuerger Frang vergläichen, sou läit de Change aktuell scho bei iwwer 80 Rubel, wat net nëmmen deem Décken mä virun allem och deem Klengen d'Liewe schwéier mécht.

Zanterdeem déi magesch 159 Liter nëmme méi eppes ëm déi 30 Dollar kaschten, entloossen d'Uelegkonzerner hir Leit am groussen.

Dat gëllt net nëmme fir dee gréissten Ueleg-Exportateur vun der Welt Saudi-Arabien, wou déi éischt Scheiche scho mussen ufänke Schold bei der Bank ze maachen. Dat gëllt och fir den Nordséiueleg. D'Stad Aberdeen, d'Stad vun de Milliardären. D'Leit lafe fort an d'Immobiliepräisser falen.

Bei den aktuelle Präisser vum Barrel Ueleg gëtt weider nach op aneren Enner gekierzt. Ëm e gutt Stéck méi kleng goufen och d'Paie vun den IS-Kämpfer an der Regioun Rakka. Mam Uelegpräis fält anengems de Profit deen Terroristen mat hire Quelle maachen.

De Präis vum Ueleg hänkt net wéi sou vill schéi Moudeartikelen vum Trend of. Aueren, Handye, Schong, Kleeder. Den Ueleg muss net schéi sinn, e gëtt ëmmer gebraucht a säi Präis rechent sech just um traditionellen economesche Wee vun der Offer an der Demande.

Soulaang d'Offer sou wäit iwwer der Demande läit wéi den Ament änneren d'Schëlter op eisen Tankstatiounen net. Wien huet wéi laang nach Otem fir ze pompelen?

Wéi laang fuere mir nach bëlleg a wéi laang kënnt d'Uelegkris e gudden Deel vun der Welt nach deier ze stoen?

Sou huet all Goldmënz zwou Säiten, och déi vum schwaarze Gold.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.