Apropos vum Roland KaltéBoken

oder: Hu mer net ëmmer eng Mask un?

D’Fuesent eriwwer, elo kënnen – oder elo musse mer d’Fuesentsgesiichter erëm ofdinn. Oder hu mer ëmmer eent op? Ouni et ze wëllen an ze wëssen.

An eiser Zäit, wou alles esou séier ännert, wou mer eis selwer dauernd verännere mussen, eis Liewensgeschicht iwwerall inszenéiere mussen, keng Zäit méi hunn, fir eis selwer ze fannen.

Eis Liewensgeschicht ass hautdesdaags eng Geschicht vu Bokewiessel. ’t gehéiert zu eisem Liewen als soziaalt Wiesen, eis ze verstellen, Boken unzedinn, Rollen ze spillen. Boken halen d’Gesellschaft zesummen.

Kleng Kanner si nach, wat se sinn. Wa se traureg sinn, kräischen se, wa se frou sinn, laachen se, wann se rose sinn, flitt d’Spillsaach an den Eck.

Erwuessener duerfen dat nit. Mécht däi Chef der eng domm Remarque, an du géings him am léifsten eng an d’...., awer nee, dann dees de däi frëndleche Bok op, méchs d’Fauscht an der Täsch an denks der däint.

Eigentlech si mer ëmmer maskéiert. ’t ass iergendwéi ëmmer Fuesent. Mer spillen Theater, an eis Gesellschaft ass den Theaterensemble. ’t muss ee sech just d’Fro stellen, wéi mer eis an deeër Roll, déi mer spillen, fillen.

A wann dat Gefill okay ass, ma dann humba humba humba täterä, täterä....



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.