Apropos vum Christiane KremerWéi Gro faarweg gëtt

Heiansdo sinn et déi kleng, onerwaart Momenter, déi engem d'Stëmmung hiewen. Et muss een se just geschéie loossen, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

En huet gro ugefaangen, de Weekend. Gro, lëfteg, fiicht an ongemittlech. Net nëmme wéinst dem Wieder. Dat, wat do vun Informatioune koum, war och net besser. Brexit, bleiwen d'Briten an der EU oder kommen hinnen déi demüteg Euro-Länner entgéint? An dofir réckelt d'Flüchtlingskris alt nees no hannen. Dohinner, wou se schonn sou laang gedréckt gëtt. De Chef vun Europol schwätzt vu gréisster Terrorgefor an zu Ankara sichen se no den Auteure vun der Autosbomm.
Gedanken, Gedanken, Gedanken. Si ginn net besser, dobäi wéilt ee sou gär näischt méi wëssen, näischt méi kucken, näischt méi lauschteren, ebe ganz einfach: ofschalten.
Mä dat geet jo och net. Wéi gutt, datt engem dann heiansdo onerwaart kleng, banal Saache passéieren, déi een aus deem Groe rappen.
E Samschdeg ass grad dat mir geschitt. Mat Prabbeli a Reenjackett hunn ech mech op de Wee duerch de Schloreen Richtung Coiffeur gemaach, wat souwisou schonn ëmmer Entspanung soll sinn, vläicht kritt een de Kapp jo och vun allen traurege Gedanke gewäsch. Ënnerwee koum mer en Jogger entgéint, ganz couragéiert ouni K-Way mä an normalem Jogging, e groe Baart an eng däischter Hautfaarf. Iergendwéi hunn ech fonnt, e géif dem amerikaneschen Acteur Morgan Freeman gläichen. A wéi ech en sou kucken, laacht de Mann a wënscht e kräftege „Moien“. Domadder hat ech net gerechent a mäi „Moien“ ass um Enn bal an engem verleeënen Hemmsert ënnergaangen.
Beim Coiffeur war ech du nach emol paff, wéi ech vun engem Clown begréisst gouf. Eng Damm am Pettycoat huet mir mäi Mantel ofgeholl, dem Popeye säin Olivia mer de Stull gewisen, eng Charleston-Damm mer Faarf a Coupe gemaach. Jo, beim Coiffeur hu se Fuessamschdeg nogefeiert.
An am Restaurant méi spéit, wéi d'Serveuse mer meng Pizza dohinner gestallt huet, mer en A zougedréckt huet a gesot huet „Avec beaucoup d'ail“, well ech ganz ouni bestallt hat, hunn ech nach eemol musse laachen.
Obwuel ech awer absolut kee Fuesgeck sinn an déi zwou Momentopnamen immens kuerz waren, hunn déi puer Wierder an déi faarweg Kostümer et dach wierklech fäerdeg bruecht dem groe Weekend e bëssi Faarf ze ginn.
An net nëmmen optesch!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.