Apropos vum Christiane KremerNet sou bescheiden! Net sou jalous!

Den Oscar gouf et déi Kéier net fir e Lëtzebuerger, mä vru Joren nach hätte mer schonn eleng eng Nominatioun als Sensatioun gefeiert. U Präisser an Auszeechnunge soll ee sech sécher net winnen, mä se awer och net ignoréieren a vrun allem net denigréieren. Dat mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Neen, mir sinn net déi Gréisst! Als klengt Land kënne mer an der Quantitéit vun Héchstleeschtungen an Auszeechnungen einfach net mathalen. Dofir hu mer net genuch Leit, net genuch Auswiel, net genuch Moyenen, net genuch Debouchéeën. Mä dat soll awer op kee Fall fir d'Qualitéit zielen. Dee berühmte Saz „fir Lëtzebuerg ass dat net schlecht“, deen all Kreativen an Engagéierte wéi an den Oueren deet, deen hu mer laang genuch iwwerstrapazéiert. Entweder ass eppes qualitativ sou gutt, datt et international ka mathalen oder et ass et eben net an da solle mer och kee Vergläich siche goen a mat Floskelen tréischten a berouegen.
Eng Rei Auszeechnungen oder Top-Resultater hunn an de leschte Joren de klenge Grand-Duché sportlech a kulturell op d'Weltkaart gesat, an domadder den net ëmmer positiven Image no baussen oppoléiert. Nation Branding op direktem Wee.
Mä och heiheem musse mer emol léieren, wat et heescht mat Oscar, Grammy oder Nobelpräis ëmzegoen an net just neidesch op déi ze kucken, déi zu sou Éiere koumen. Dat ass op alle Fall den Androck, wa bei Auszeechnungen sou Bemierkunge fale wéi: Wat hu mir dann, ausser de Suen, do dra gestach? Ass et iwwerhaapt Lëtzebuergesch, wann eng afrikanesch Sängerin am Mëttelpunkt steet, wann eng loutrengesch Firma mat co-produzéiert, oder eng russesch Schrëftstellerin d'Virlag fir e Film ass?
Ech fannen op déi lescht Fro solle mer kloer mat JO äntweren.
Beim Grammy war d'Iddi klassesch Musek mat afrikaneschem Gesank a symphoneschem Orchester ze kombinéieren op eiser Mëscht gewuess, där vum Gast Waltzing. Beim Oscar virun zwee Joer,  huet den Alex Espigares den Ufank vu sengem Wëssen a Kënnen an enger BTS-Klass am Arts et Métiers geléiert. An de Pol Cruchten, deen d'Buch iwwer Tschernobyl vun der Svetlana Alexijewitsch jorelaang mat sech ronderëm gedroen huet bis en d'Iddi vum Dréibuch hat, hat säi Film schonn am Summer fäerdeg. Dat war laang ier bekannt gouf, datt d'Madame de Literatur-Nobelpräis kritt.
Si haten d'Iddi, si hunn d'Talent, si hunn d'Ausdauer, si hunn d'Kënnen, si hunn de Glawen, si kruten d'Suen an elo hu se d'Belounung. Verdéngt!
An dat solle mer eis roueg an eisen Image brennen! An eis driwwer freeën!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.