Apropos vum Roland KaltéErënnerungen

De Roland Kalté iwwer nostalgesch Momenter um Späicher.

Da klëmms d’op de Späicher, fir ..., an dann ... fënns de do - al Fotoen erëm.
 
Esou e bëssen, wéi wa s’op Erléisung gewaart hätten. Op Erléisung vun der Zoufällegkeet, vun der Vergiessenheet. Du hues e Stéck Erënnerung erëmfonnt, Dokumenter vu gelieftem Liewen. Vu Kommiounen, Houchzäiten, Ausflich, Gebuertsdeeg, Schnappschëss – o hei – mäin éischten Auto. All Foto eng Geschicht. An op de meeschte Biller, gutt Laun, Laachen, Liichtfank, Freed. War deemools alles méi lëschteg? Ech muss jo e schéint Liewe gehat hunn, wann ech dat hei esou gesinn. E bësse verwinnt.
 
An dann – op den zweete Bléck ... do ass dach deen, dee mech deemools esou ugeschass hat. An do, dee mer meng Frëndin ausgespaant hat.
 
An – nit ze vergiessen, déi vill, déi schonn op der leschter grousser Rees sinn. Hei si se nach op schwaarz/wäiss oder fuerweg, aktiv, e bësse geckeg, frou, nodenklech...
 
Wat ass d’Liewen? E Schiet, dee laascht geeschtert. En Theaterspill, wou s d’eng Zäit laang d’Haaptroll spills, dech quäls, de Batti stells, an dann iergend eemol nit méi matspills.
’t kann een d’Glécksmomenter vum Liewen mat Fotoapparat, Kamera, Handy optesch afänken a festhalen. ’t kann ee s an Albume pechen oder a Këschte sammelen, hautdesdaags späicheren.
 
Wat een nit kann, ass d’Gedanken ofblocken, déi sech beim Kucken astellen. An déi sinn esou, wéi d’Liewe selwer: Mol frou wéi e Geck, mol douttraureg. Mä – egal wéi, meng Erënnerungen do um Späicher ka kee mer huelen. Si sinn am séchere Land vun der Vergaangenheet, aus deem een nit verdriwwe ka ginn. Kee ka se klauen, déi schéi Botschaften vun deenen alen, verschidde schonn e bëssi giele Biller.
 
Hat iwwregens d’Zäit vergiess um Späicher, war de ganze Mueren a meng Vergaangenheet verdéift.
An hat mer d’Schnuddel derbäi erkaalt. Ass awer och schonn erëm Vergaangenheet.

Apropos "Erënnerungen"


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.