Apropos vum Yann LogelinSubkulturen

De Yann Logelin befaasst sech haut de Moien a sengem Apropos mat Subkulturen:

Mir sinn all d'selwecht an awer si mer all verschidden. Dat ass näischt Neies. Mir gi wat mer sinn duerch eng Hellewull Aflëss, déi mer vun doheem an aus eisem direkten Ëmfeld matkréien. Mir ginn natierlech och vun deem Land geprägt an deem mir grouss ginn an och Relioun an aner Wäerter spille mat wann aus eis dee Mënsch gëtt, deen aus eis gëtt.

A et gëtt vill verschidden Aflëss mat deene mir eis am Laf vun engem Liewe beschäftege kënnen, wa mer jonk sinn, heescht dat nawell gären, dass mer e bësse Revoluzzer wëlle sinn, déi eng weisen dat mat laangen oder fuerwegen Hoer, déi aner mat engem spezielle Stil an hire Kleeder an nach anerer weisen duerch Kierperschmock oder Tätowéierungen.

Da gëtt et awer och d'Manéier wéi ee sech, wann ee méi al a méi ugepasst ass, nach a verschiddene Subkulturen erëmfanne kann, obschonns déi, déi mech zum dësem Apropos verleed huet, am Fong schonn zënter Joeren am Mainstream heiheem ukomm ass, a wahrscheinlech just gemittlech laanscht mech gefloss ass, well et menges ass.

Ech war de Weekend op enger Après-Ski-Party. Direkt no den honnerten Oktoberfester, quasi vun November bis an den Abrëll, ass all Weekend op jo mannst een Après-Ski-Fest iergendwou am Land an déi si bis ewell ouni mech ofgelaf, well wie kee Ski fiert, dee braucht dat duerno jo och net. Ech hat mech awer, an och fir eng gudder Frëndin e Gefalen ze maachen, dozou iwwerriede gelooss en Ticket fir den Après-Ski vun hirem Veräin ze kafen a sinn dunn och dohinner gaangen.

Wat ech gesinn hunn, huet mech de Weekend iwwer och net méi lass gelooss. Vun héichrangege Politiker, iwwer Sportler bis hin zu Wëssenschaftler vun nationaler Renommée, y inclus e Wiederfräsch, deen anscheinend och all Mënsch am Grand-Duché kennt, war alles vertrueden op dësem, nenne mer et emol: Bal.

Riets hannen am Eck stoung e Grupp vu Fraen, déi resolut dee ganzen Owend ënnert sech bliwwe sinn, lénks beim Comptoir, déi, déi och kee Problem domat haten, dass de Béier op der Après-Ski net aus den Alpen, mä vu Käerjeng koum, am Séparé – der Loungebar – déi, déi et léiwer méi schnuckeleg haten an direkt virum DJ, dee bei engem konstante Beat vun 126 Bpm, virun allem Musek opgeluecht huet, déi esou och op all anerem Bal hätt kënne lafen, déi, déi gedanzt hunn.

Schlussendlech hunn ech mech, wuel och wéinst de Leit mat deenen ech do war, gutt amëséiert an et war e flotten Owend, allerdéngs kommen ech net dolaanscht mer d'Fro ze stellen, firwat een en u sech normaalt Fest vun engem Veräin ewell ënnert dësen oder dee Motto stelle muss. Wier et e Spillerbal gewiescht, wiere wahrscheinlech mol net d'Halschent vun de Leit do gewiescht, obschonns ee sech och dann hätt kënnen amëséieren.

Mä haut brauch ee wuel den Ophänkert vun engem Oktoberfest am Hierscht, enger Après-Ski am Wanter an enger Mallorca-Party am Fréijoer fir d'Leit iwwerhaapt nach dozou ze kréien op e Bal ze goen. Dat läit wuel drun, dass mer alleguerten zesummen an der Subkultur vum Marketing erëmfannen, déi domat natierlech zur Leetkultur gëtt an dann och funktionéiert.

Dat eenzegt wat der Après-Ski am Contraire zu den Oktoberfester awer wierklech gefeelt huet, war dat authentescht. Net een, deen do gedanzt huet, war a senge Ski-Schong komm. Firwat verstinn ech wahrscheinlech net, well ech jo och kee Ski fueren an esou awer ni wäert ganz an déi Subkultur erapassen.



08/03/2016 Apropos: Sub-Kultur


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.