Apropos vum Bea KneipErziel mer eng Geschicht

Am Apropos vun haut mécht d’Bea Kneip sech Gedanken iwwert eppes ouni dat mer anscheinend net liewe kënnen.

10/03/2016 Apropos: Erziel mer eng Geschicht
.


Schonn déi ganz Butzeg froen all Owes duerno, wann et heescht an d’Bett goen: Eng Geschicht fir anzeschlofen. An da gëtt entweder e Buch zu Hand geholl, oder den erwuessenen Erzieler denkt sech selwer eppes aus. A wann d’Guckelcher da bis zougefall sinn, geet et weider: am Dram erlieft een dach déi verréckste Saachen. Et sinn awer net nëmmen d’Kanner déi eng Geschicht brauche fir anzeschlofen: Firwat soss hätte mer déi véiereckeg Këscht an der Stuff stoe virun der mer dacks genuch do sëtzen ze ronken...Des histoires à dormir debout, kéint ee mengen, mä eng gutt Geschicht muss virun allem eent sinn: opreegend. Spannend, romantesch, voll mat Gewalt, an oder grousse Gefiller. An all Geschicht déi mer verzielt kréien, klamme mer an d’Haut vun engem aneren, bréngen Onméigleches fäerdeg, ginn Helden oder fannen déi grouss Léift. Realistesch brauch déi Geschicht net ze sinn, am léifste brieche mir all Gesetzer, Naturgesetzer mat ageschloss. Hei ginn et keng Grenzen, hei gëtt et Näischt wat et net gëtt. An et gëtt och Néierens wou et se net gëtt. Geschichte sinn zu allen Zäiten iwwerall op der Welt erzielt ginn, op déi verschiddenst Manéieren, sief et mëndlech, an engem Buch, am Kino oder op der Tele. Am Fong si mer praktesch süchteg no Geschichten an domat kréien se eng gewëss Muecht iwwert eis. Eise Kanner erziele mer Märercher déi eng Moral hunn, hinnen erkläre wéi se sech verhale sollen, mä mir selwer ginn net manner vun deene Geschichte beaflosst déi mir verzielt kréien. Déi Bicher déi mir liesen, déi Filmer déi mir kucken, alles dat gëtt op emol zu engem Stéck vun eis selwer. Geschichte kënne souguer Liewe retten, et brauch ee just un d’Scheherazade aus dausend an enger Nuecht ze denken. An si sinn och e Stéck Fräiheet, net fir Näischt ginn an Diktature mat Virléift Bicher verbrannt oder op d’mannst zenséiert. Woumat se dann natierlech nach méi interessant ginn. Mä virun allem si Geschichten ëmmer eng Zort Experiment, nom Motto: wat wier wann?Am wierkleche Liewen huet een ëmmer nëmmen ee Versuch, an de Geschichte kann een d’Zäit zeréckdréinen, d’Personnagen austauschen, d’Decore änneren, soulaang bis een domat zefridden ass. A villäicht ass et jo dowéinst dass mer esou bänzeg op Geschichte sinn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.