Apropos vum Daniel NepgenE Recht op Vergänglechkeet

Sidd dir nach op Facebook? Dann hutt dir den Zuch verpasst. Well dat digitaalt Sozialliewe spillt sech mëttlerweil schonn erëm anzwuesch anescht of. Den Daniel Nepgen probéiert, mat der Zäit ze goen.

E Youtube-Video mat Frënn deelen, op en interessanten Artikel verlinken … jo, esouguer léif Kazefotoe posten ass Schnéi vu gëschter. Hautdesdaags ass een op Snapchat, enger App um Smartphone fir Fotoen a Videoen ze verschécken. An ech sinn och elo dran, an där Welt vun der spontaner Kommunikatioun. Op Snapchat wëll keen deng Meenung wëssen an et ass egal, ob s de e Star bass oder en Humpejhang. Et ass de rengste Chaos. Si sinn ewéi Fast-Food, d’Biller a Filmecher, déi ee selwer séier an ongeplangt mam Handy mécht a se dann direkt un d’Kontakte schéckt. D‘Frënn kënnen dat e puer Sekonne laang kucken, an dann ass et fort. Vun der App digital duerch de Schredder gejummt an domat permanent geläscht.

D’Iddi huet mech ufanks revoltéiert an ech hunn de Sënn net verstanen. Mä Snapchat ass dem Mënsch méi no wéi ee mengt. Fir t’éischt emol weise sech déi meescht Leit op där Plattform ouni Filter, well et vill méi perséinlech ass. Wie probéiert der Snapchat-Welt eppes virzegaukelen, gëtt onverdaut erëm erausgespaut. Du gëss dech wéi s de bass, a wat s de méi laang drop bass, wat s de der dat ongeschriwwent Gesetz ëmmer méi zu Häerz hëls. Zweetens: Déi App hält engem virun Aen, dass d’Liewen eppes vergängleches ass. Et kann een näischt festhalen. Fir déi eng maach dat e Grond sinn, an d’Depressioun ze falen. Mir huet et op déi aner Manéier grad verdäitlecht, dass een all Moment genéissen an net an der Zukunft oder der Vergaangenheet liewe soll. Drëttens: Et sinn déi kleng Saachen, déi d’Liewe liewenswäert maachen. Op Snapchat start ee keng politesch Diskussioun, mä et schenkt een de Kollegen zB. eng Grimass oder e Sonnenënnergang. Et erlieft een d’Liewe vun deenen aneren als Mosaik vu Momenter, a vläicht grad, well déi Biller ëmmer just kuerz ze gesi sinn, brennen si sech ëm sou méi an d’Gediechtnis an.

Mä et gëtt näischt kënschtlech héichgespillt. Hei kritt ee keng „Likes“ a keen Applaus, mä et steet och kee mam béise Fanger do, nach bilde sech Aktiounsgruppe wéinst iergend engem Blödsinn. Kee Wonner, dass déi Jonk vun haut fir déi digital Kommunikatioun quasi just nach iwwer Snapchat fueren. Et ass den natierleche Wee zeréck bei d'Bistrosgespréich, wou alles erlaabt a muer schonn erëm vergiess ass, wéi Sand, deen engem tëscht de Fanger duerchleeft. Fort vu Kommentar-Säiten a Facebook-Diskussiounen, wou all Gedankefuerz fir d’Éiwegkeet konservéiert ass an ouni Hierarchie mat wierklech reflektéierten Texter verschmëlzt, woubäi d’Illusioun entsteet, dass een Äppel mat Bire ka vergläichen.

Net alles wat mir soen a maachen, soll op d’Goldwo geluecht ginn. D’Vergänglechkeet huet och hir Plaz am ëmmer präsenten an allwëssenden Internet. Op Snapchat ass jiddereen de Stoussnéckel, an dat ass gutt esou.

Apropos: E Recht op Vergänglechkeet


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.