Apropos mäi Kierper!Eng Liibeserklärung vum Marie Gales

Ganz geréiert war ech viru kuerzem, wéi ech an enger Zäitschrëft en Artikel vun enger Fra gelies hunn, déi hirem Kierper mol eng Kéier Merci gesot huet.

© rtl.lu
Apropos Mäi Kierper


Mat engem Coup ass mir do bewosst ginn, wéi onfair mir mat eisem eegene Kierper ëmginn. An der Pubertéit wier et normal, dass ee mat sengem Kierper am Clinch wier, heescht et...ma ech fäerten, dass mir haut och als Erwuessener eise Kierper vill ze vill a Fro stellen, geblend vu Milliounen Fotoen, Biller an Aussoen, déi eis wëlle weis maache wéi e Kierper sollt ausgesinn.
Dacks denke mir schlecht vun him, well en eis net gefält duerch wat och ëmmer, duerch ze vill Falen, Dellen, Bëlsen, Cellulite, ze vill Fett oder ze mann op deene gewënschte Plazen, ze kuerz, ze laang, ze déck, ze dënn, ze ronn, ze oval, a wat weess ech.
Mir halen och net zu eisem Kierper, wann mol en anere Mënsch eise Kierper kritiséiert. Wéi e falsche Frënd sti mir net hannert him a wëllen hien dowéinst och  bestrofen.... a verléieren aus all de genannte Grënn aus den Aen wat eise Kierper all Dag leescht an interesséieren eis just fir d'Optik.
Mir hu keen Versteesdemech fir hien a setzen hien dofir op e Radikal-Regime, just well mir mengen bannent kuerzer Zäit X Kilo misste ofzehuelen, ob hien dat elo packt oder net. Eise Kierper huet gefällegst och ze fonctionnéieren wa mir hien  quasi am Alkohol erdrénken, mat Zigaretten erstécken, mat extremen Iessorgien zousetzen, duerch ze mann Schlof auspoweren oder mat sportlechen Exzesser u seng Grenzen bréngen. Vun onerlaabte a geféierlech Substanze guer net ze schwätzen.
Ganz seele denke mir un dat, wat him kinnt gutt doen. Heiansdo schéckt e jo kleng SOS Signaler, mee mir iwwerhéieren déi, keng Zäit a keng Loscht. A wann dann de Kierper mol streikt, da si mir nach éischter generft, well hien eis ausbremst.

Spéitstens bei enger Gebuert vun engem Mënsch, also nodeems e Kierper et fäerdeg bruet huet en aneren neie Mënsch ze creéieren an auszedroen, misst engem kloer ginn, wat e Kierper alles amstand ass. Am Fong ass dëst de Summum vun de Leeschtungen vun engem Kierper. Mee mir hunn éischter Ae fir  e Kierper, zum Beispill dee mat Gold duerch sportlech Leeschtunge behaange ass oder fir de Kierper vun engem Supermannequin, dacks op eng x Kilo erofgehéngert an dann awer nach gefotoshoppt. Ma och all anere Kierper net retouchéiert an net op der héchster Träppchen, ass eppes Eemoleges, vu bannen a vu baussen! Dofir loosse mir e gutt versuergen, well mir hu just een.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.