Apropos vum Gérard FloenerHandyen am Restaurant

Ee gemittlecht Iessen zu zwee am Restaurant kann esou gemittlech sinn. Ee gutt Iessen, ee gutt Glas Wäin dobäi, déi richteg Stëmmung. Alles perfekt, bis um Dësch niewendrun den Handy aus der Täsch geholl gëtt.

22/03/2016 Apropos: Handyen am Restaurant



Ech fannen et schonn traureg, wann een an engem Restaurant d'Leit gesäit déi zesummen iesse ginn, mä dann net matenee schwätzen an dofir mat hire Fanger op hirem Handy hin an hier wëschen.

Mä wéinstens stéiere si domat déi aner Gäscht net, déi villäicht méi an engem Restaurant erliewe wëllen, ewéi "just" d'Iessen.

Déi lescht Woch ass et mir awer geschitt, datt ech esou am Restaurant souz, um Dësch niewendrun eng Koppel. Op eemol hëlt de Mann säin Handy aus der Täsch, a fänkt u mat engem Kolleg iwwert Facetime ze diskutéieren. Net dezent mam Handy beim Ouer, mä iwwert d'Freisprech Funktioun, well et fir deen op där anerer Säit net interessant ass bei Facetime just d'Hoer iwwert dem Ouer vu sengem Gespréichspartner ze gesinn.

Dat ass och net just kuerz gewiescht, hien huet dunn och nach de Restaurant gewisen an deem hie souz, a seng Begleedung huet dunn och mat diskutéiert. Dat ass scho kamoud bei enger Applikatioun ewéi Facetime, datt een do ee Gespréich zu e puer féiere kann, a sech anengems och nach ka gesinn.

Mä muss dat am Restaurant sinn, wou nach aner Leit niewendru sëtzen, déi dat Gespréich a) näischt ugeet a b) net interesséiert?

Dat si Situatiounen, do wënschen ech mir da prompt eng App, mat där ech mat engem Klick ee Signal vu mengem Handy schécke kann, dat déi aner Kommunikatioune stéiert.

Ech weess, dat ass héich illegal, mä ganz éierlech, an esou enger Situatioun ass dat mir sch... egal! Virun allem, wann ech wéi een Ausserierdesche gekuckt ginn, wann ech frëndlech drop hiweisen, datt ech mech duerch dat Behuele gestéiert fillen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.