Apropos vum Roland KaltéWéi mer mam Zoufall denken

Eist mënschlecht Gehir, dat ass dat Organ, mat deem mer denken, dass mer denken.  
 
Bei der Gebuert ass et esou eppes wéi en eidelen "hard disc". Wéi e Betribssystem et notzt, wat fir Inhalter et späichert an erëm läscht, hänkt vun eisen Erfahrungen af.
 
’t ass e richtegt Wonnerwierk. ’t weess méi, wéi mer mengen. ’t ass perfekt konstruéiert, fir - zum Beispill - Musteren z’erkennen. Allerdéngs leider och, wann et guer keng ginn. ’t schäisst eis un. Dofir kënne mer och esou schlecht mam Zoufall ëmgoen. Well do follegt et kengem bestëmmte Muster. Mëscht den Zoufall d’Kaarten, do verléiert de Verstand d’Spill.
 
Anerersäits – vill Saache verdanke mer awer och dem Zoufall. Ass dann elo rengen Zoufall rengen Zoufall?
 
Och, wann am Prinzip kee Gewënner un den Zoufall gleeft, - beim Lottospillen soe mer „D’Chance op den Haaptgewënn läit bei 1:140 Milliounen, ... ech kéint also..., vläicht..., eventuell..., - firwat nit?“ An da spille mer, Woch fir Woch.
 
Beim Fëmme soe mer eis: „D’Chance, oder hei besser gesot, d’Méiglechkeet oder d’Wahrscheinlechkeet fir Longekriibs läit bei 1:1000, ... mä – mäi Gott – firwat soll grad just ech?“ Hä! An da ma mer nach eng un!
Eigentlech verréckt!

Apropos "Zoufall"


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.