Apropos vum Sandra Mélan:Modern Märecher

D'Sandra Mélan war e bëssen erféiert, wéi hat Enn leschter Woch héieren huet, datt an den U.S.A en Deel vun de Märecher geännert gi sinn, oder soll een éischter soen opgerüst gi sinn.

An der neier Versioun vum Hänsel a Gretel ginn, déi zwee Kanner mat Waffen an de Bësch op d' Juegd. Fir datt hir Famill genuch z'Iessen huet. Oder d'Rotkäppchen huet mat sengem Gewier seng Boma virum Wollef gerett. Mënsche gin an deene moderne Märecher net blesséiert oder erschoss. D'Kanner solle fréi léieren, datt een sech mat Waffe schütze ka respektiv den Ëmgang domat léieren. Sou d’Iddi vun der Autorin Amelia Hamilton.

Ech als Mamm si schockéiert. Mir feelen do bal d'Wierder. Wéi kann een déi Responsabilitéit iwwerhaapt iwwerhuelen, Kanner den Accès zu Waffen ze erlaben? Respektiv déi Initiativ ze ënnerstëtzen? Kanner sinn sech der Gefor dach nach net bewosst wat si mat engem Revolver oder engem Gewier uriichte kéinten.

Mat deene bedenklech, opgepeppte Märecher gëtt een de Kanner de falsche Message mat op de Wee. An et ginn dach nach aner Weeër, de Kanner Sécherheet ze vermëttelen.

Natierlech vergiessen ech net, datt déi bekannte Märecher net fräi vu Gewalt si, wann een dorun denkt datt eng Stéifmamm hir Duechter vergëfte wëll, oder e Meedchen an engem Tuerm jorelaang agespaart gëtt fir nëmmen déi ze nennen. An awer meeschtens  hunn se en Happy End. Et gi Kannerpsychiater, déi dovunner ausginn, datt Märecher de Kanner an hirer Entwécklung hëllefe kënnen.

Et ass dach schéin, sengem Kand kënnen e Mäerche virzeliesen, dat et schonn iwwer Joerhonnerte gëtt. Eis hunn se gefall, an eise Kanner och. An dat ouni Waffen!

31/03/2016 Apropos



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.