Apropos vum Christiane Kremer"Patience recommandée"

Mail, Handy, SMS, Internet, Skype a wat et nach alles vun elektroneschen Tools gëtt, erliichteren eis dacks den Alldag an hëllefen Zäit spueren. Komesch ass et just, wann een dann op eemol an e komplett anere Rhythmus gehäit gëtt an nees muss léiere Gedold hunn. D'Christiane Kremer hat gläich zwee där Erliefnesser an de leschten zwee Deeg.

Éischt Erliefnes e Samschdeg géint Mëtteg an der Stad: Grad hat ech nach um Handy an der App gekuckt, ob eng Parkplaz an engem vun de Parkhaiser fräi wier an hu mech gefreet, datt dat ewell alles sou onkomplizéiert méiglech wier, ouni stonnelaang ronderëm ze rullen an dann dach wäit fort ze parken. Mä schonn 10 Minutten duerno hunn ech d'Kéier gemaach, sinn zeréck gaangen den Auto sichen an heemgefuer. Eigentlech sollt ech engem Kolleg uruffe fir e RV fir d'Mëttegiessen auszemaachen an dat geet jo och alles labber vun ënnerwee, egal wou ee grad ass. Mä dunn huet mäin Smartphone gestreikt! Näischt méi: kee Bild, keen Toun, keng Bewegung. Doheem hunn ech de Festnetztelefon geholl an an engem alen Agenda d'Telefonsnummer zeréckgesicht, déi ech fréier eemol mat der Hand opgeschriwwen hat. Gott sei Dank, well wësst Dir dann nach all d'Nummere vun Äre Familljememberen, Frënn, Aarbechtskollegen, déi Der an Ärem Handy gespäichert hutt, auswenneg?

Dat zweet Erliefnes war gëschter Mëtteg. Ech hat vun der Post en Ziedel kritt, et wier e Recommandé, oder wéi et heescht en Envoi avisé, fir mech do. An dee muss ee jo dann nach op ganz traditionell Manéier siche goen. Aus Erfarung weess ech, datt et Zäite gëtt, wou nawell vill Leit dat selwecht maachen an dofir sinn ech am Nomëtteg gefuer, a krut dann nach eng liicht onkonventionell Parkplaz um Mini-Parking vrun der Dier. Et ass jo net fir laang, duecht ech nach, a si Richtung Guichet getrëppelt. An du war et awer fir méi laang! Vun den dräi Guichete war een net a Betrib, ee schonn zou a vrun deem drëtte stoungen eng Dose Leit an der Schlaang ze waarden. D'Madame huet séier a kompetent geschafft, awer och heiansdo liicht verzweiwelt nogekuckt, wéi d'Schlaang net méi kleng ginn ass. Sou wéi ech verzweiwelt zur Fënster aus op mäin Auto gekuckt hunn a gehofft, e kritt kee gepecht.

Um Enn war alles gutt gaangen, mäin Envoi krut ech, mäin Auto hat keen Ziedel a meng liicht Ongedold bannendran hat sech geluecht. Bei mir emol, bei deenen aneren an der Rei, weess ech net. Vläicht wier en zweete Guichet awer net schlecht, besonnesch, well d'Clientèle bei ageschriwwene Bréiwer wuel net sou séier wäert ofhuelen.

Vläicht gëtt et jo och eemol eng App fir ze kucken, wéi laang d'Schlaang beim Guichet ass! Dann duerf just den Handy net streiken.

Apropos "Patience recommandée"


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.