Apropos vum Michelle ReiterWéini ass eppes net méi witzeg?

Iwwer d'Sikhs an Indien gi ganz gäre Witzer gerappt, sou wéi mir dat kenne vun de Belge, den Ostfriesen, Hollänner oder Schotten.

© rtl.lu
Den Ament leeft an Indien e Geriichtsprozess fir déi Witzer verbidden ze loossen. Dofir d'Fro vum Michelle Reiter am Apropos vun de Moien: Wéini ass eppes net méi witzeg?
Apropos: Wéini ass eppes net méi witzeg?


Fir dass der Iech eppes kënnt ënner deene Witzer virstellen, hei ee vun de ganz beléifte virop. E Mann aus der Sikh-Glawensgemeinschaft fänkt op enger neier Plaz un. Den éischten Dag schafft e bis spéit Owes um Computer. Säi Chef ass déck frou a freet hie wat en da sou laang gemaach hätt? D'Äntwert vum Sikh : 'd'Buschtawen op der Tastatur waren duercherneen, do hunn ech se mol dem ABC no sortéiert'.
Dee Witz, grad wéi déi honnerten aner iwwer déi ronn 20 Mio Sikhs solle verbuede ginn, fir dass d'Membere vun där reliéiser Grupp a Würd kënne liewen. Et geet hei ëm eng Minoritéit vu Leit an Indien déi als extrem fläisseg gëllen, Succès hunn a gutt Geld verdéngen. An de Witzer awer gi si als total naiv an net capabel duergestallt.
Ouni d'Leit an Indien awer lo mat der Nues ze huelen. Huele mer eis mol bei der eegener. Fir eis ass et normal, dass Witzer gerappt ginn iwwer knéckeg Hollänner oder Schotten, iwwer Belge déi sech komplizéiert uleeë fir eppes Onkomplizéiertes ze maachen, iwwer Polen déi gär eppes matgoe loossen. Et kënnt eis och mol zu Oueren, dass d'Fransouse mat Genoss iwwer den Accent vum Luxo lästeren... oder dass Witzer iwwer d'Gréisst vun eisem Land gemaach ginn. Lëtzebuerg, e Land esou kleng, dass seng Awunner de Pass mussen an d'Täsch stieche wa se jogge ginn.
A wat solle Blondinne soen? Obwuel, eng neier Etude vun der Ohio State University weist, dass déi blond Fraen deen héchsten IQ hunn, duerno kommen déi brong, dann déi mat de rouden Hoer an dann déi mat deene schwaarzen. Den Chuck Norris muss all Dag astiechen, dass iwwer hie gelaacht gëtt, 'déng-Mamm' Witzer sinn och net ëmmer ohne, vun de Schwéiermamme guer net ze schwätzen, deen aarme Pitti oder d'Staatsbeamten, d'Flicen, Mantafuerer. Iwwer all si ginn et Säiten a Säite voll Kuerzgeschichten mat Pointen.
E Witz ass eng erfonnte Geschicht fir deen anere laachen ze dinn.
Soulaang e Witz net ënner de Rimm geet, mä dann ass et, genee geholl, jo schonn eng Frechheet an net méi witzeg.
An der Saach vun de Sikh an Indien huet d'Geriicht lo mol proposéiert, dass de Management-Comité lo mol soll Richtlinne virschléit. Duerno ass d'Affäre vertagt ginn, op wéini ass nach net bekannt.
Wie fir t'läscht laacht, an dëser Affaire à suivre, bleift da lo mol nach dohigestallt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.