Apropos vum Gibbes BertoloSoll ech oder soll ech net ?

"Soll ech oder soll ech net?" Déi Fro stellt Dir Iech jo bestëmmt och op d'mannst 1 mol am Dag

Apropos



Mir kënnt dee Gedanken zanter Kuerzem direkt 2 mol den Dag an de Sënn: moies, um Wee fir op d'Schaff an owes op der Heemrees. Wat ech bis ewell am Feierowendtraffik nach relativ gutt am Grëff hat riskéiert awer elo am Moiesgedrécks d'Kontroll iwwert meng bis dato rigouréis Linn ze verléieren.

Owes fiert deen heiten, meeschtens géint hallwer 6, vum Kierchbierg via Stäreplaz iwwert d'Arelerstrooss fir dann zu Stroossen op d'Autobunn Direktioun Capellen ze kommen. Op där Arelerstrooss kënnt et dann ëmmer nees zu Gedrécks well jo direkt zwou Autoskolonnen niefteneen de Wee an de Westen upeilen, déi eng, ewéi ech, mam Ziel Autobunn, halen sech ganz riets. Déi aner, um lénken Deel, fuere weider riichtaus, Direktioun Akafszenter. Also ... eng Parti vun deenen aneren ... op där lénker Säit. Well all 5. (jo, ech zielen s' och alt mol, wann et net virugeet) fält kuerz virun der Opfahrt op eemol an, datt e jo awer op d'Autobunn wollt abéien. An esou gëtt da vun enger klenger Onopmierksamkeet an der File profitéiert, fir sech galant a sportlech an e Sputt op der rietser Pist eranzedrécke mam Gefill vu grousser Satisfaktioun, e puer honnert Meter resp. e puer Minutte gewonnen ze hunn.

Dee selwechte Szenario dann och elo moies op der Tréierer, an der Sortie Kierchbierg, fir an deen ominéisen Turbo-Kreesverkéier eranzekommen. Och wann zanter gëschter neierdéngs zwou Spure fir manner Gedrécks resp. Entlaaschtung suergen: et ginn ëmmer nach där Onverbesserlecher, fir déi Gedold e Friemwuert ass an déi sech dowéinst am allerleschte Moment dozou decidéieren, d'Pist ze wiesselen an esou eng Abberzuel éierlech a guttgleeweg Matstreider hanneru sech ze loossen. Oder ass alles nëmmen eng falsch-verstanen Interpretatioun vum Tirettesystem ?

Vläit sinn ech och nëmme jalous. Ech kéint et jo och esou maachen. Wie ka mer dat verbidden ? T' ass jo bal ewéi mat där aktueller Panama Papers-Diskussioun: moralesch verwerflech awer vum Prinzip hier net illegal.

Ech sinn dunn awer zur Konklusioun komm, weiderhin d'Fauscht an der Täsch ze maache well ech vu menge léifsten a wäertvollste Verhalensregelen eng net wëll opginn: de Fairplay.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.