Apropos vum Rich SimonKommunioun

Den Ament sinn d'Kommuniounen am Gaangen. Dat heescht, dass nees ganz vill Kanner Kaddoe kréien. De Rich Simon erënnert sech am APROPOS vun haut drun, wéi dat deemools bei him war.

Ech hu mech viru kuerzem dorunner zeréck erënnert. Nämlech wou ech eng Frëndin gefrot hunn wat ech sengem Kand fir d'Kommunioun soll kafen. D'Äntwert: Ech soll an d'Geschäft op d'Lëscht kucke goen. Cool duecht ech. Dovunner konnt een deemools wou ech d'Kommunioun gemaach hunn nëmmen dreemen. Mir schreiwen d'Joer 1977.  D'Virfreed op dat grouss Evenement war riseg. Ech hat mir nämlech een Zil gesat. Souvill wéi méiglech Kaddoen ze kréien. An déi Missioun huet schonns Méinte virdrun ugefaangen. Op de Familljefester zum Beispill. Eppes wat ech op der Däiwel net konnt ausstoe war wann een zu mir gesot huet; „Da gëff der Tatta mol ee Kuss“. Dat war dee Saz deen ech weder virun der Kommunioun nach duerno konnt a wollt héieren. Dat schmalzegt ofgeleckt ginn, dat war net mäi Fall.

Well ech jo awer esou vill wéi méiglech Kaddoe fir meng Kommunioun wollt kréien hunn ech „Böse Miene zum guten Spiel“ gemaach. Wann et huet musse sinn, da krut Tatta alt emol zwee Kussen a wann de Monni drop gehalen huet, krut deen och nach een.

D'Rechnung ass opgaangen. Ech krut wierklech eng Onmass Kaddoen. Awer wat fir eng? Geschätzten 10 Bibelen, wou zwar allkéiers dat selwecht dra stoung a steet a mech wierklech net richteg interesséiert huet. Eng hallef Dose Rousekränz, wou ech haut nach net weess wéi dee gebiet gëtt. Bon ok...D'Kommunioun ass ee kierchlecht Fest an dann hellt een eben esou Kaddoen a kaf.

Et war awer net mat Bibel a Rousekranz gedoe. Necessaire krut ech geschenkt. Fir déi, déi villäicht net méi wësse wat dat ass: Et ass eng Mäppchen, wou lauter Saachen dra sinn déi een als 8 Joer ale Bouf net brauch. Eng eidel Parfumsfläsch, eng aner fir den After-Shave dran ze maachen, eng Biischt fir d'Schong ze wichsen ee Seefendëpschen, eng Feil fir d'Neel ze feilen an esou weider an esou fort. Mat deenen Necessairen déi ech geschenkt krut hätt ech kënnen op de Maart goen. Ech hat se an alle Fuerwen. Déi eng méi grouss, déi aner méi kleng. Déi eng mat Tiretten déi aner mat Klippsen. Stellt iech vir, dir kommt mat 8 Joer op de Futtballtraining an dir paakt de Necessaire aus?

Een anere ganz interessante Kaddo deen ech krut, war eng Auer. An sech näischt aussergewéinleches. Et war awer eng Quarzauer. Déi koume Mëtt de 70. Joer eraus. Wann s de esou eng Auer has da war s de een. Et gouf just ee klenge Problem. An dat war mäi Kanneraarm. Dee war nämlech esou kleng, dass een d'Band vun der Auer net esou kleng gemaach krut, dass ech se hätt kéinten undoen. Déi louch also schéi brav an engem Tirang an huet drop gewaart, dass d'Batterie platt gouf. Wou mäin Aarm dunn e puer Joer méi spéit déck genuch war fir d'Quarzauer unzedoen, waren déi schonns nees komplett aus der Moud.

Mëtt de 70. Joere koumen och d'Super 8 Kameraen op de Marché. Och esou eng krut ech geschenkt. Dir mierkt et gouf  net  gespuert. Mee och mat där Kamera konnt ech näischt ufänken. Do waren einfach ze vill Knäppercher drun déi op englesch beschrëft waren sou dass ech natierlech guer näischt verstan hunn. Parallel war awer och dru geduecht gi fir mir ee Projekter derbäi ze kafen. An esouguer ee Film. A vun deem hunn ech awer profitéiert. De Film, dee wann ech haut un en zeréck denken immens kitscheg war, ass op d'mannst 100. Mol ofgespillt ginn. Een anere, dee Jugendfräi war,  war néierens ze kréien. Amazon gouf et nach net.

Ech si jo iwwerzeegt, dass jiddweree bestëmmt vu sengem Kaddo fir mech begeeschtert war. Bei mir selwer huet déi Begeeschterung sech awer leider Gottes a Grenze gehal a meng Kussoffensiv hat a sech net deen Erfolleg deen ech mir erhofft hat.

Wann ech haut esou zeréck denken, wier ech frou gewiescht wann et deemools schonns Kommuniounslëschte gi wieren. Dann hätt ech mir bestëmmt keng Necessairen drop gesat.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.