Apropos vum Christiane Kremer#BringBackOurGirls

An der Nuecht vum 14 op den 15 Abrëll 2014 goufen 276 Schülerinnen aus engem Internat zu Chibok an Nigeria entfouert. Vun der Islamisten-Terror-Grupp Boko Haram. D'Welt war entsat an huet „Bring back our girls“ getwittert. Haut zwee Joer duerno muss d'Welt nach ëmmer entsat sinn, seet d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Vun den 276 Meedercher, sinn der nach ëmmer 219 verschwonnen a vermësst. Eréischt vrun dräi Deeg gouf et nees e Lieweszeechen, wéi déi amerikanesch Televisiouns-Statioun CNN e Video zougespillt krut an deem een eng 15 vun de Meedercher gesäit, déi wéi Sklavinnen a Gefaangenschaft liewen, zwangsbestuet an zum Islam konvertéiert goufen oder iergendwour verkaaft. Oder zu Kamikaze-Attentäterinne verdaamt. Oder zu Geiselen, well Boko Haram wëll si  elo am Austausch mat Gefaangene fräiloossen. Vläicht. Wann et Verhandelunge soll ginn, wann déi Erpressung duerchgeet, wier dat fir déi betraffe Famillje wuel eng Erliichterung, fir d'Meedercher eng Befreiung.

An dann? Wat kënnt dann? Den däitschen Auteur a Journalist Wolfgang Bauer huet d'lescht Joer am Summer Interviewe gemaach mat enger Rei vu Fraen, déi aus der Gefaangenschaft fortgelaf sinn, an elo probéieren de Wee an en normaalt Liewen ze fannen. Hien huet hinnen eng Stëmm ginn, huet se schwätze gelooss, huet dacks selwer musse schlécke fir net ze kräischen, wéi en nogelauschtert huet, dat huet en an engem Reportage am Magazin ttt op der ARD erkläert. Mä kräischen als Mann hätt d'Frae méi wéi irritéiert. „Die geraubten Mädchen“ heesche seng Opzeechnungen, déi elo am Landestheater zu Salzbuerg erzielt goufen an am Mee als Buch erauskommen. De Wolfgang Bauer huet mat Frae geschwat, deenen hire Kierper duerch Explosioune mutiléiert ass, deenen hir Séil duerch Mëssbrauch zerstéiert gouf. Fraen, déi jonk Mamme sinn an hir Puppelcher duerch d'Vergewaltegunge kruten an déi awer probéieren esou eppes wéi eng nei Existenz opzebauen. Souwäit se d'Kraaft hunn an d'Ënnerstëtzung.

Eng Ënnerstëtzung, déi de berühmten Hashtag-Message „BringBackOurGirls“ virun zwee Joer weltwäit gefuerdert hat. Och haut nach soll e gëllen: fir déi 219 Chibok-Meedercher an déi vill aner Dausende Fraen a Meedercher weltwäit, déi dagdeeglech op brutal Manéier hir Dignitéit an hir Liewegkeet geklaut kréien.

Apropos "#BringBackOurGirls"

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.