Apropos vum Bea KneipE Gaart uleeën

Am Apropos vun haut gi mer an de Gaart schaffen. D'Bea Kneip huet sech Gedanken iwwert d'Fréijor gemaach.

Eigentlech hätt ech  nach genuch aneres ze di gehat, mä wéi se mech am Akafszenter esou ugelaacht hunn, konnt ech net widderstoen: Petunien, Geranien, all méiglech Blummen an deene schéinste Faarwen. Nach séier eng nei Jardinière fir se dran ze setzen, a firwat net, e puer Äerdbierplanzen.  Wat schmaacht besser wéi Äerdbieren direkt vum Strauch ze naschelen!  Déi kommen awer op d’Fënsterbriet, well d’Schleeke wëssen dat och. An eng Tiitche Blummesom. Net well ech der esou vill bräicht, mä well et esou schéin ass wann dat éischt Gréngs aus dem Buedem erausluusst. A well een sech all Dag drop freet fir ze kucken wéi vill se dann nees gewuess sinn.   Alles an allem hunn ech mech net allze vill an d’Onkäschte gestierzt mat menge puer Blimmercher, mä wat ech mat heem geholl hunn, ass e ganze Summer voll Freed. Mä fir d’éischt emol ass Fréijoer, déi Zäit wou alles nach nei a frësch ass, en Doft den an der Luucht hänkt, einfach d’Virfreed op laang, waarm a sonneg Deeg. An deene Momenter ass d’Welt an der Rei, op d’mannst emol déi puer Meter Carré op deenen ee seng Blumme planzt.
An engem chinesesche Sprachwuert heescht et sënngeméiss: “Wann s de eng Stonn laang wëlls glécklech sinn, dann drénk e Patt. Wann s de 3 Deeg laang wëlls glécklech sinn, da bestuet dech. Wann s de 8 Deeg laang wëlls glécklech sinn, da schluecht e Schwäin an organiséier e Festiessen. Mä wann s de e ganzt Liewe laang wëlls glécklech sinn, da lee der e Gaart un”.
Sou einfach soll dat sinn? An wann dann all Mënsch dat géif maachen? Tjo dann wiere mer alleguer esou beschäftegt dass mer guer keng Zäit méi hätten fir eis ze streiden, ze bekrichen, ze zermaulen, rose, jalous oder ongedëlleg ze sinn. Mä wie weess, villäicht géif den een oder anere jo och neidesch ginn, op dem Noper seng Rousen di méi schéi bléie wéi di eegen.  An da wier de Sträit nees do. Ebe just dowéinst huet een dach besser et genéisst een déi schéi Momenter am Liewen wann se grad un d’Dir klappen. A mir wéissten jo emol net wat mir um Fréijor hunn, wa mer ni e Wanter gesinn hätten. Tjo, den nächste Wanter kënnt bestëmmt. Dat nächst Fréijor awer och.

21/04/2016 Apropos: E Gaart uleeën
.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.