Apropos vum Yann LogelinMode d'Emploi

A sengem Apropos vun haut beschäftegt sech de Yann Logelin mam „Mode d'emploi“:

Bei all techneschem Apparat, deen een nei kritt, huet ee sou een dobäi a well ech no laange Joere dës Läscht e speziell Funktioun um Schäffen doheem benotze wollt, déi ech bis dohin nach net gebraucht hat a vun där ech natierlech och net wosst, wéi se um Apparat selwer funktionéiert, hunn ech e benotzt. Ech hunn e bësse musse sichen, bis dass ech de Mode d'Emploi erëmfonnt hat an deen huet mer dunn och gehollef de Schäffchen op genee déi Manéier ze programméieren, déi ech gebraucht hunn fir dass mäi Plat, deen 18 Stonne laang bei 65 Grad sollt goen, och mat Zäiten op Temperatur bruecht gouf, fir e kënnen ze genéissen.

Dass dee Mode d'Emploi dobäi a 16 verschidde Sprooche war, vun Arabesch, iwwer Chinesesch bis Griichesch war egal, well och Sproochen dra stoungen, déi ech verstinn a mat deenen ech eppes ufänke konnt. Dass ech am Mode d'Emploi gewarnt ginn, dass Kazen, Hënn oder kleng Kanner net am Uewen däerfe sëtzen oder leien, wann dësen a Betrib ass hunn ech iwwerflësseg fonnt, mä anscheinend muss et Leit ginn, deenen een dat mat op de Wee gëtt, soss stéing et wuel net dran.

An Apropos Mode d'Emploi. Esou ee gëtt et jo och fir de Stroosseverkéier. En heescht Code la Route an do steet u sech jo och alles dran, wéi de Stroosseverkéier ze lafen hätt, wann en dann emol hei am Land leeft a well ee sech iwwert dem Fueren net oflenke loosse sollt – dat ass jo ee vun de Grënn firwat den Handy ouni Fräispriechanlag net erlaabt ass – muss een deen net permanent opgeschloen op de Knéie leien hunn, wann ee fiert. Duerfir gëtt et dann eng Abberzuel vu Stroosseschëlder, mä ganz éierlech. Do kéint een – wéi virun zwee Joer bei de Luuchtepottoen op den Autobunnen – och emol mat der Motosee doduerch goen an der e puer ewech huelen. Ech begéinen all Dag engem Schëld, wat mech drop hiweist, dass geschwënn e „Passage à Niveau“, eng Barrière kéim. Déi ass awer schonn zënter zwee Joer vun enger Unterführung ersat ginn, ouni dass d'Schëld verschwonne wär.

Villäicht ass et einfach vergiess ginn, villäicht gouf et awer och gewollt stoe gelooss, esou dass sech zukünfteg Generatiounen drun erënnere kënnen, dass do emol eng Barrière war oder awer et wollt een d'Schëld stoe loosse fir dass de Potto op deem et montéiert ass sech net esou alleng fillt.

26/04/2016 Apropos: Mode d'Emploi



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.