Apropos vum Daniel NepgenAm Glashaus

Den Daniel Nepgen ziddert. Et läit awer net um Wieder. Hien ass nervös. Hien ass vu sengem Gewësse geplot.

Méchs de d’Luucht aus, w.e.g.? Merci. Endlech emol eng Paus. Hei am däischtere Studio gesäit kee mech. 't war alt nees net einfach haut. Iwwerall déi Handyen. Zu all Moment bass de an iergend engem senger Lëns. Nach stinn ech jo propper do op Facebook. All Mënsch „liked“ mech. Mä wat ass muer?

Net auszedenken, wa se gesinn hätten, dass ech de Moie mäin Duschgel ewechgehäit hunn, obwuel bestëmmt nach e puer Drëpse Seef dra waren. Idem mam Gebeessglas. Eng Véierelsschmier hätt ee mam Rescht sécherlech nach kënne maachen. Iergendwéi huet mer déi eng oder aner Stonn Schlof gefeelt. Ech hu gëschter Owend nach mäi bloe Sak gesënnert. Stell der vir, et filzt een en a fënnt e Stéck Kartrong dran. Ech kéint mech jo net méi dobausse weisen. Mäi Gewësse war schonn iwwerstrapazéiert, ier ech d’Féiss iwwerhaapt virun d’Dier gesat hat. Natierlech net a menge Liedersschong. Net dass nach ee mengt, ech géing Déieren haassen. Ech si buerféiss komm, mam Vëlo ... den Auto? En „No go“. Ech ka jo net einfach esou CO2 an d’Loft blose mam Brennstoff, deen eisem Planéit geklaut gouf. Ech hoffen, d’Leit hu wéinstens de Bio-Kotteng-Label op mengem Pullover gesinn. Well soss geet d’Diskussioun lass.

Ech hunn eisem Receptionist iwwregens gesot, e soll d’Banannen aus der Schossel huelen an Äppel dra leeën. Et soll kee soen, RTL géing eis Bauere ruinéieren. Ënnert eis: ech géing dat blot Hiem do muer am Schaf hänke loossen. Du bass méi séier als militante Liberalen a Geldschlaang ofgestempelt wéi s de kucke kanns. Apropos Geld: 't ass net méi déck bei mir am Portemonni. Ech hunn d’Viremente un déi 20 ONGe gemaach, déi ech ënnerstëtze muss. D’Fotoen dovun "posten" ech awer iwwer e puer Woche verdeelt am sozialen Netz. Da kritt och jiddereen et mat, da stinn ech propper do. 't wäert jo net erëm en Attentat dertëscht kommen. Da muss de deeglaang déi schwaarz Profilfoto drop hunn. Dat geheit mäin Zäitplang ëmmer total duercherneen. An dech freeën a laache kanns de jo dann och schlecht. Souwisou laachen ech kengem Frieme méi. Du weess jo ni, wéi deen dat ophëlt.

... so emol, ëss de de Rescht vun dengem Bréitchen net méi? Du kanns dat jo awer net do leie loossen. Komm, ech huelen et mat an d’Stad, da kritt och keen et mat. Keng Angscht, ech kennen do esou eng Plaz. An der Louvigny’s Gaass steet eng Dreckskëscht …

Apropos: Am Glashaus


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.