Apropos vum Roland KaltéFortschrëtt, wou wëlls de hin?

De Mënsch kënnt op d’Welt, ass Kand, gëtt grouss, entfaalt sech, baut of a stierft. D’Kuerzfaassung vun eisem Liewen. Mat deene natierlechen Dimensioune musse mer liewen, misste mer kënne liewen. Allerdéngs – mat deem Stierwen do hu mer esou eis Schwieregkeeten. Dat Ofbauen bis Dout verlängere mer, oder mer kréien et verlängert.

1848 louch d’duerchschnëttlech Liewenserwaardung an der entwéckelter Welt bei 46 Joer. Upps, lo wieren der scho vill vun eis nit méi do.  Haut läit se bei ëm déi 80 Joer. A si geet weider an d’Luucht. All 10 Joer ëm ca 2,5 Joer.

Wat e Fortschrëtt, gell Dir? Just – d’Auswierkunge vun deem Fortschrëtt maachen engem Angscht, well d’Méiglechkeet grouss ass, dass een eng Partie Joren vun deem verlängerte Liewen do ageschränkt ass,  oder esouguer ouni sech et iwwerhaapt nach bewosst ze sinn, dohin ze vegetéieren. Ass dat da nach e Fortschrëtt? Do mécht ee sech dach Gedanken iwwer d’Fro vun de Grenzen. Wat een déi ëmmer méi wäit erausdréckt, kéint een op e Punkt, wou een d’Liewe nit méi verbessert, - am Géigendeel. A wat mer déi Liewensdauer do méi verlängeren, wat déi Diskussiounen wuel och ëmmer méi haart ginn, ob jiddereen iwwer säin Enn selwer entscheeden duerf, an ob a wéi en do gehollef ka kréien. A woumat mer eis jo immens schwéier dinn. Duerf een, duerf ee nit, soll een, kann een?

Vläicht wier et mol gutt, wann een de Fortschrëtt géing froen: „Kolleg, wou wëlls de nëmmen hinn?“

An heiansdo wier et besser, wann e géing ophalen. Well e nit ëmmer gutt ass fir jiddereen...

Apropos "Forschrëtt"

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.