Apropos vum Christiane KremerWat eng Opreegung!

Heiansdo fale Bemierkungen, déi eréischt beim zweeten Nolauschteren sou richteg hir Bedeitung kréien. D'Christiane Kremer huet gëschter sou e Saz bei eis am Büro héieren.

E war op eemol sou gesot, de Saz. A wéi e bis gesot war, stoung en esou am Raum. E Saz, wéi honnert anerer, déi alt emol den Dag iwwer anzwousch gesot ginn, wou Mënschen zesumme schaffen, diskutéieren, feieren oder einfach nëmme poteren.
Ma wéi de Saz gëschter Mëtteg no eiser Programmreunioun, an där mer no Iddie fir Reportagë gesicht hunn, nach ëmmer am Raum houng, ass e mir op eemol mol sou richteg bewosst ginn an de Sënn dervun ass am Kapp ronderëm gedréint.
Ech krut en do net méi eraus an hu mech gefrot: ass dat elo Cliché, ass dat Realitéit, huet en eng positiv oder eng negativ Connotatioun? Mä amplaz Iech elo nach laang d'Geschicht dervun z'erzielen, hätt Der wuel léiwer ech géif Iech de Saz emol verroden. Dat verstinn ech, well de Saz ass fir Iech an dréint ëm Iech. An och ëm mech. Also ëm eis. Um Enn ëm d'Mënschen am allgemengen.
Dofir hei ass en: Wann d'Leit eppes hu fir sech opzereegen, da sinn se frou...
Gell, lo geet et Iech d'selwecht, lo zéckt Der och een Ament, denkt driwwer no a fannt dann eraus, datt dach do eppes drun ass.
Et gehéiert dach zu eis, datt mer iwwer dëst oder dat Thema, iwwer dës oder déi Situatioun eis Gedanke maachen oder eis opreegen. An dann deemno dat och kommentéieren oder driwwer diskutéieren. Am Beschten natierlech mat a bei aneren. Um Büro, doheem, um Comptoir oder an den sozialen Netzwierker.
An, si mer dann och frou, wa mer eise Pefferkär anzwousch kënne bäileeën, wa mer animéiert matschwätze kënnen?
Sécher et kënnt ëmmer op den Inhalt un. Opreege kann ee sech iwwer villes a wéinst sou villem: Politik, Sport oder déi kleng zwëschemënschlech Bezéiungen oder och ganz einfach nëmmen iwwer Goûten a Faarwen- iwwer déi ee jo bekanntlech net diskutéiere kann.
Opreege kann ee sech awer och wéinst engem wichtegen Evenement: eng Hochzäit, eng Auszeechnung, en Optrëtt.
Bei Opreegung gëtt et e bëssi Adrenalin, deen opdréit, e bëssi Serotonin, dee frou mécht.
Mä et ass wéi bei sou villem: alles a Moossen. Dat gëllt och fir den Pegel vun der Opreegung am Liewen. Dofir nach emol de Saz:
Wann d’Leit eppes hu fir sech opzereegen, da si se frou!
Op alle Fall war ech frou, de Saz war gutt komm gëschter an der Reunioun, ëmmerhin wosst ech dunn, iwwer wat ech haut géif schwätzen.

Apropos: Wat eng Opreegung!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.