Apropos vum Gérard FloenerVëlospisten (Suite)

Virun 3 Méint hat de Gérard Floener iwwert seng Erfahrungen erzielt, déi hien all Dag mécht, wann hie mam Vëlo schaffe kënnt. Dat sinn elo 91 Deeg hir, an dofir mécht hien haut de Point iwwert dat, wat sech an där Zäit geännert huet.

12/05/2016 Apropos: Vëlospisten (Suite)



Virun allem hunn ech geléiert, datt am Nohaltegkeetsministère an der Cellule mobilité douce ee Mann schafft, dee selwer vill mam Vëlo fiert, an datt do och eng Plaz ausgeschriwwe wor, an där eng Qualifikatioun wor, datt de Kandidat am Alldag Vëlo fiert.

Mä soss huet sech näischt gedoen! Déi geféierlech Situatiounen an där Vëloen a Foussgänger sech um Kierchbierg bei engem Busarrêt begéinen ass nach ëmmer déi selwécht. Dobäi wier esou esou einfach, e puer nei Schëlter op ze hänken, mat mat e bësschen Faarf um Buedem d'Andeelung vum Trottoir nei an ze zeechnen, esou datt d'Situatioun schonn e bësschen entschäerft wier.

Wahrscheinlech läit et dorun, datt deen Trottoir um Kierchbierg um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg läit, an déi den Ament esou mam Schantjen vum Tram beschäftegt sinn, datt d'Vëloën erréischt duerno kommen.

Mä och do gi schonn nees geféierlech Situatioune geplangt, déi ee vu vir eran evitéiere kéint. Op den neie Kräizungen, déi alt nees um Kierchbierg entstinn an dës Woch virgestallt gi sinn, gëtt un ale Konzepter festgehal, déi vu vir eran geféierlech Situatiounen zouloossen. Een Auto dee riets ofbéie wëll, muss dobäi eng Vëlospuer kräizen, de Chauffeur gesäit de Vëlo nëmme schlecht. Dobäi ginn et schonn zanter Joeren nei Konzepter fir déi verschidde Mobilitéitskonzepter fir jiddweree méi sécher ze man. De WDR huet déi lescht Woch ee kuerzen Animatiounsfilm online gesat, dee weist, wéi dat an Holland an zu Kopenhagen organiséiert ginn ass. Och wa schonn Experten aus deene Länner zu Lëtzebuerg woren, fir hir Erfahrungen ze presentéieren, schéngt dat ignoréiert ze ginn.

Bei engem déidlechen Autosaccident gëtt schonn no e puer Stonnen annoncéiert, wéi déi Streck méi sécher gemaach ka ginn, an d'Aarbechte fänken och schonn e puer Deeg méi spéit un. Muss wierklech och d'éischt een Cyclist oder ee Foussgänger leie bleiwen, éier eng vu vir eran als geféierlech bekannte Situatioun entschäerft gëtt? Firwat net direkt beim Plange kreativ ginn, a sech op déi gutt Erfahrungen aus deene Länner a Stied beruffen, déi gewisen hunn, wéi et besser geet?

Deen nächste Schrëtt wier et dann, och iwwer Land ee bessert Netz vu Vëlosweeër op ze bauen. Mir hunn zwar vill Pisten duerch dat ganzt Land, mä déi sinn éischter gutt fir d'Fräizäit. Am Alldag sinn se nëmmen da gutt, wann een no bei esou enger Pist ass, an déi Plaz wou een hi wëll och. Dee kierzte Wee vum Kierchbierg op Konter zum Beispill gëtt vum Site geoportal.lu mat 9 Kilometer berechent, woufir ee knapp 40 Minutte géif brauchen a genee 0 Meter iwwert ee Vëloswee fiert. Dofir awer iwwert ee Bëschwee, bei deem meng Felge sech scho beim Gedanken drun diebelen, a virun allem riicht duerch de Rond-Point Schaffner!

WDR Animatioun iwwert modern Vëlospisten

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.