Apropos vum Roland KaltéDu nervs!

Dee mécht mech geckeg. Do ginn ech esou rosen, o, dat nervt!
Kenne mer, oder?
 
Eng Verhalensweis vun engem aneren, déi eis op de Kéis geet. Eng sozial Allergie. Am Ufank stéiert et een e bëssi, an dann – lues a lues - ëmmer méi. Bis et ee fäerdeg mécht. Wat ee méi dacks mat deem Verhalen konfrontéiert gëtt, wat ee méi sensibel gëtt.
 
Egal, ween ee freet, jidderee weess bestëmmt eng Persoun, déi nervt. Wee nervt, verletzt Normen an Erwaardungen, déi een un een huet.
Wat ass dat "Genervt sinn" iwwerhaapt? Ass et eng Emotioun, eng Roserei, eng Veruechtung?
 
Nervt deen, dee mech nervt, jiddereen? Oder mussen et bei där Nervegeschicht der zwee ginn, fir dass se fonctionnéiert? Een, dee nervt, an een, dee sech nerve léisst? Sicht de Nerver deem anere seng empfindlech Plaz, wou e liicht ze kränken ass? Dat ass wuel déi eng Zort Nerver. An da ginn et déi, déi kënne nit derfir. Déi sinn einfach...
Zum Beispill:
- déi éiweg Knouterer, déi ëmmer eppes auszesetzen hunn. Déi iwwerall eppes fannen.
- déi, déi aneren hir Feeler sammelen ewéi Timberen. A bei all Geleeënheet kritt deen dat dann erëm hannert d’Akaul geschriwwen
- Narziste nerven. Nit vun Ufank un, awer lues a lues, an ëmmer méi
- déi, déi een esou vun uewen erof behandelen. A géint déi ee sech nit richteg wiere kann... de Proff, de Chef, de Polizist....
 
Wat kann ee géint Nerver maachen? Wat nit verbueden ass!
 
Nit vill. Ech mengen, dat eenzegt ass Geloossenheet. Relax, souverän an entspaant driwwer ewech ze kucken. Geloossenheet ass de Géigendeel vu Nervositéit a Stress. Oder dem Nerver einfach aus de Féiss goen. Well si nerven!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.