Apropos vum Michelle ReiterExamenszäit. Horror... oder ?

D'Michelle Reiter huet e Flashback

© rtl.lu
24/05/2016 Apropos: Examenszäit. Horror... oder?



Gëschter hunn d'Examen an de Lycéeën ugefaang. 1ere, 13eme.
3.727 Schüler déi 2016 untrieden, vun deenen der vill méintelaang oder op d'mannst wochelaang Gebécks hanner sech hunn. An op eemol war de Gedanke rëm do. Sou e Gedanke wou een och direkt e Gefill matgeliwwert kritt a wou ee mengt et wier dach réischt viru kuerzem gewiescht.

Wou sëtzt se da bei Iech? D'Erënnerung un ären Examen?

Ech weess, dass ech laang hu misse léieren. Bei mir huet et ëmmer méi laang gedauert bis déi Tonnen Notizen an déi Bicher voll a meng Bëlz gaange sinn.
Heiansdo muss ee mat Disziplin un d'Saach erugoen. D'Schoul gëtt fäerdeg gemaach, sot mäi Papp a wann hien dat sot, war näischt drun ze réckelen. Sou hunn ech, wéi der vill vun Iech dat gemaach hunn, mat System probéiert dee Bierg do of ze rackeren. Iergendwéi ass et dann och riicht ausgaang. A wat war dat genial wou mer aus der Vakanz ugeruff hu fir gewuer ze ginn op mer déi Merde da lo gepackt hätten oder net. De ganze Camping op der belscher Plage hat gewackelt.

Eent vun de schéinste Gefiller iwwerhaapt. Dee schrecklechen Examen. Déi Péng. Et war riwwer. Dee Stee war vum Häerz gefall. Awer iergendwéi ass en sou dacks rëm opgedaucht an et war all Kéier Horror. D'Freed vun deem Dag sollt net méi an deem Mooss erëm kommen. Awer, an dat hunn ech scho vu ville Frëndinnen a Frënn héieren. Déi Panik virun deem Examen, dee Bierg voll léieren, sou kuerz virdrun an et huet een nach net ugefaang. Déi ganz Gedanke fannen nach laang de Wee zréck. Nach ëmmer kënnt, wann och net méi sou regelméisseg, deen Dram erëm, dass een deen Examen nach eng Kéier misst maachen. De Patron wéilt deen Diplom gesinn, et hätt een en awer verluer an der Schoul géinge se déi Fatz Pabeier och net méi erëm fannen.
Sou en Examen, dat ass eppes wéi een 'Ex' deen een ni ganz vergësst.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.