Apropos vum Marie GalesKnascht

D'Marie Gales gëtt net fäerdeg mat sech iergeren iwwert de Knascht, deem him all Dag begéint.

© rtl.lu
26/05/2016 Apropos Knascht


Wann ech dann eraus an d'Natur ginn, well déi ass direkt hannert mengem Haus. Wise, Baach an e Vëloswee. Héiert sech jo gutt un, matzen an enger Stad an engem Land, dat sech zu de räichste vun der Welt kann zielen.  An do gesäit et dann sou aus?!
Verknascht, schonns de klenge Wee fir op d'Vëlospist ass voll mat Hondsdreck. Och um Vëloswee selwer muss ee gutt oppassen fir seng Schong net knaschteg ze maachen. Vun der Wiss ass guer net ze schwätzen. An de Bléck an d'Bach bréngt mech just un d'Kapprëselen. Wat sinn dat fir Mënschen, déi den Dréck vun hirem Hond net oprafen an wien ass 2016 nach sou asozial a geheit eng Bécks an eng Bach?
A wien ass dat, dee seng Dreckstuten regelméisseg bei déi ëffentlech Dreckskëschte stellt? Séier an der Nuecht, fir dass e net gesi gëtt. Nach ni engem Fuuss oder engem Kueb nogekuckt, dee versicht dat alles opzerappen? Dass domadder en Déier sech blesséiere kéint oder nach méi schlëmm duerno e Kand dra gräife kéint, sou wäit gëtt net geduecht. ''Ass jo net mäi Kand!'', dat och an der Wiss an den Hondsdreck fiert oder ass soss eppes Ruckelzeches!

Ech soen Iech den Numm vun der Stad net, well ech fannen, dass dëst näischt zur Saach deet an si net schold ass, dass Leit sech wéi Elefanten an engem Porzellainsbutték behuelen.
Well wann ech de Vëloswee weider an aner Gemenge lafen, sinn ech just nach verwonnert wéi vill Knascht laanscht d'Autobunn läit. Dat geet op keng Kouhaut.
Ech mengen ech hat 4 Joer, wéi meng Eltere mir bäibruecht hunn, dass een näischt aus dem Auto geheit, mee duerno doheem an d'Poubelle. Dat hu wuel e puer Leit net erzielt kritt!
Iwwregens zu Singapur, zu Monaco oder an der Schwäiz zum Beispill gehäit keen eppes op Buedem, well do gëtt et e säftege Protokoll, wann ee gesi gëtt.

Natierlech ech schneiden hei keen neie Sujet un. Net fir näischt gëtt schonns zanter Joeren vu Fräiwëllegen an der Natur geraumt a gebotzt.
Natierlech ginn et vill méi uerg Sujeten nach ëmmer zur Zäit. Mee leider wäerten et déi ëmmer ginn. An dat ass nach ëmmer kee Grond fir alles ronderëm ze verknaschten a verkommen ze loossen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.