Apropos vum Gibbes BertoloDe Bléck op d'Auer

Mir hei am Radio maachen et nawell dacks - fir datt Dir et net musst: De Bléck op d'Auer geheien. Apropos Gibbes Bertolo

Apropos


Ech weess net méi, bei wat fir enger Geleeënheet et mer opgefall ass: Ech hat schonn zanter engem gudde Joer keng Aarmbandauer méi un. An dobäi hunn ech méi ewéi eng doheem am Tirang trëllen, pardon: leien. E bëssche Respekt huet déi eng oder aner vu mengen Auere scho verdéngt. Meng Kommuniounsauer existéiert zwar net méi, dofir awer mengem Papp seng gëllen ARBED's-Auer an och meng ... zwar net gëllen an trotzdem iergendwéi wäertvoll Belounung fir eng Parti Joere geleeschten Déngschter hei am Haus. Dobäi kommen dann nach dräi där Schwäizer Plastiksaueren, déi nach tipptopp an der Rei sinn, et misst ee just eng nei Batterie dra maachen. U sech kéint ech mer all Dag - wiertes - eng aner ronderëm d'Handgelenk bannen. De Weekend geet et och ouni. Mä ech doen iwwerhaapt keng méi un. An ech weess dann elo och firwat dat esou ass, respektiv wien oder wat d'Schold dréit: Genee - deen (a mengem Fall) 12 op 6 Zentimeter groussen a 7 Millimeter décken Apparat, mat deem een net nëmmen telefonéieren, mailen, surfen, spillen oder fotograféiere kann, mä deen engem och nach zu all Abléck déi hoergenee Zäit verréit: dee léiwe Smartphone oder Handy, deen eis d'Liewe jo a villem vereinfacht huet, mir brauche jo am Prinzip och kee Computer a Fotoapparat méi, firwat also nach all Moien eng banal Auer undoen?

Ech weess, eng Aarmbandauer erfëllt jo scho laang net nëmme méi den Zweck vum Zäit-Ofliesen. Eng Aarmbandauer ass och e moudeschen Accessoire, se seet villes iwwer Stil a Perséinlechkeet vun deem aus, dee se dréit. Dezent, elegant, opfälleg, pompös, einfach, deier ... weis mer deng Auer an ech soen der wéi s de ticks.

Ech hunn dann elo mol decidéiert fir nees eng unzedoen. Ech weess zwar nach net wéi eng - egal: dorëms geet et jo och net. Et ass och manner eng Fro vu Perséinlechkeet oder Look. Meng aarm Aarmbandauer louch laang genuch alleng an engem däischteren Eck. Et gëtt Zäit fir se nees opzezéien. A fir dem Smartphone net komplett den Terrain z'iwwerloossen ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.