Apropos vum Christiane Kremer"Kanner, o Kanner, o quel bonheur"

Kanner sinn e Seegen, dat steet fest, och wa mir Erwuessener heiansdo mengen, si wieren och kleng Nerveseeën. Gutt esou, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut, well ëmmerhin hunn d'Kanner et net einfach mat eis Erwuessenen.

Sonndes moies komme mer net aus de Fiederen. All Dag sti mer eisem Patron oder der Schoul zu Léift mat Zäit op, samschdes och nach fir de Shopping anstänneg gemeeschtert ze kréien, just sonndes, sonndes bleiwe mer leien, dréinen eis nach emol op déi aner Säit an zéien d'Decken iwwer de Kapp. Kee kritt eis esou séier aus dem Bett, och net déi léif Kleng. Well déi wëssen, wat sonndes moies maachen. A quasi all Tele-Statiounen op der Welt wësse wat sonndes moies weisen: Dessins animéën oder witzeg Kanner- an Déierefilmer. Am Haus bleift et roueg, ausser heiansdo Kannerlaachen an dat ass dach méi wéi e schéint Geräisch an Elterenoueren.

Schif goe kann et, wann de Programm net gefält, de Stroum ausfält oder wann de Real bis de leschten Eelefmeter brauch fir d'Champions-League-Finale géint Atlético dann awer endlech ze gewannen, no 120 Minutte Langweil an e bëssi Spannung. Déi Spannung dierft déi däitsch Chaîne ZDF dann e Sonndeg de Moien a ville Familiewunnengen nogeholl hunn, wéi um 6 Auer fréi net de léiwen „Af Coco“, mä de béise „Monni Michael“ d'Kanner begréisst huet. Eng ganz hallef Stonn war et grujelechen „Halloween“ matten am Mee. Du war och den ZDF erwächt an huet gemierkt, datt déi Futtballverlängerung e Stréch duerch d'automatesch Programmatioun gemaach hat. Den ZDF huet sech entschëllegt bei den Elteren, bei de Kanner a beim Coco.

D'Kanner wäerte sech alt gefrot hunn, wat déi Erwuessen do fir Filmer kucken, sou, wéi se sech wuel dacks froen, wéi mir Grousser eis Welt behandelen. Am Internet zirkuléiert den Ament e Video vum 6 Joer alen Henry aus dem US-Staat Washington, deen hannen am Auto sëtzt a kräischt a sech opreegt iwwer dat, wat en an der Schoul gewuer ginn ass, datt mir Mënschen Dreck an d'Natur geheien, Beem ëmhaen, Bëscher zerstéieren an net léif mat den Déiere sinn. „Ech wëll dat net, ech wëll lo scho grouss sinn an hinne soen, datt dat net geet!“

Sou laang muss de klenge Mann net waarden, de Video, deen d'Mamm gedréint hat, gouf antëscht méi wéi 16 Millioune Mol gekuckt.

Mir sollten eis et zu Häerz huelen, mir sinn eise Kanner et schëlleg, datt se roueg kënne schlofen. Wann och just bis sonndes moies um 6.

Apropos "Kanner o Kanner o quel bonheur"



Video Henry

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.