Apropos vum Roland KaltéPlastik

Wat hu Plastiksblummen a Mënschen gemeinsam? De Roland Kalté gehäit se am Apropos all an eng Vase.

Am Restaurant: flotte Kader, alles a waarmen Téin, gemitterlech, Musek am Hannerground, nit ze haart, awer haart genuch, op all schéi gedecktem Dësch eng Blumm, flott, wierklech flott, bis ech mierken, d’Blumm ass aus - Plastik. Oh nee, në? Bon, si ass zwar nach grad esou schéin wéi virdrun, passt nach ëmmer grad esou perfekt an de Kader, mä ’t ass eng falsch. Och wa se eng perfekt Kopie vun der Wierklechkeet ass, si gëtt ni déi Wierklechkeet. Gëtt ni eng Blumm, bleift en Imitat. Si mécht wéi wann. Si ass eng Fälschung, e Fake, eng Fälschung.
 
Zu enger Blumm gehéiert nit nëmmen d’Ausgesinn. Si richt, si huet Picken, si pickt eis alt emol, si mécht aus Knäpp Bléien, si blitt, gëtt wielech. Dat kann déi plastiks Blumm nit. Si bedréit eis ëm dat, wat réel ass. Si spillt eis eppes vir. Oder nit? Sinn ech deen eenzegen, deem dat... intresséiert dat keen? Kucke mer mol d’Vollek ronderëm un. Do sëtzt en Dësch voll – esou „jeunes cadres dynamiques“ – ee gesäit aus wéi deen aneren: gegelte Kapp, Costume, Krawatt, wäisst Hiem, blénkeg schwaarz Schung, déck Auer. Sinn déi echt? Sinn déi esou, wéi s’ausgesinn?  Du mengs dach bal, ’t kréich een déi do esou fäerdeg ze kafen?
 
An dee Bouf do am Real Madrid’s Trikot. Soll dat dem Ronaldo säi Bouf sinn? Selwecht Frisur, selwecht Kierperhaltung, esouguer scho bal déi selwecht Arroganz, e klenge Bluffer.
 
Vill Madamen hunn hier Perséinlechkeet iwwerschminkt. Verstoppe sech hannert deeër Mask, déi se opgedro hunn. Wann ee se richteg kuckt, gläiche se sech eigentlech all e bëssi. Esou wéi d’plastiks Blummen op den Dëscher. Eng wéi déi aner. An halen éiweg. Also, d’plastiks Blummen, wuel verstan.
 
Mir aner Gottseidank nit. Trotz Gel, Make up, Styling, Verjéngungspräparater, asw., ënnert der Verkleedung sëtze mer esou, wéi mer richteg sinn, an hale nit éiweg. An eise Bok och nit.

Apropos: Plastik


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.