Apropos vum Roland KaltéTouristen

A Vakanzenzäiten hu si Héichkonjunktur. Si verbreede sech lues awer sécher iwwerall. De Roland Kalté warnt vrun den Touristen.

Wann een an d’Vakanz fiert, wat wëllt een do nit gesinn?
Richteg! Aner Touristen!
 
Ass dat nit absurd? Tourist ass jo scho bal e „Schimpfwort“.
 
Touriste sinn ëmmer déi aner. Dat si keng Individuumen, déi trieden ëmmer als Mass op. Wéi en Trapp Kéi, oder nit?
 
Dobäi wëll een dach an der Vakanz en authentescht Erliefnes erliewen a nit wéi doheem am Alldag just op ausgetrëppelte Pied ronderëm lafen. Oder?
 
Mee déi aner do, déi Touristen, ooh, déi verschäissen engem iergendwéi deen Dram. Si sinn de Beweis, dass ee just en Deel vun enger Inszenéierung ass. An dass ee selwer – en – Tourist – ass. Schrecklech. Du kriss keng Foto gemeet, ouni Touristen drop. Tourismus ass organiséiert Alldeeglechkeet, just nit doheem. Inszenéiert Authentizitéit. An dobäi missten dach bei Begrëffer wéi onverfälscht, ursprénglech, onberéiert an der Tourismusreklamm scho bei engem uewen dran d’Alarmklacken ufänken ze lauden. Well den Tourist zerstéiert jo am Fong geholl dee Moment dat, wat e sicht, wann en et fonnt huet.
 
Wéinschen Iech trotzdem eng schéi Vakanz op Ärer Rees demnächst. A mat den Touriste musst Der liewen, fäerten ech.
 
 
Apropos: Touristen


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.